Florian 2007 Rollingen

Samschdeg, den 5. Mee 2007

Aleedung

Waart Éiregäscht,
Dir Damen an Dir Hären,
Léif Pompjeeskollegen,

Schon zanter méi wéi 40 Joer ass et eng schéin Traditioun, dat d’Pompjeeën vun der Gemeng Miersch zu Éieren vun hirem Schutzpatréiner, deem séin eigentlechen Dag gëschter war, een Fest feieren.

Den hellegen Florian ass schonn virun méi wéi 1700 Joer den Märtyrerdoud gestuerwen, mee hien ass bis haut nët vergiess ginn.

Wee war dësen Mann? Hien stammt aus der éisterräichicher Uertschaft Zeiselmauer bei Wien an hien ass do an der zweeter Halschent vum 3. Joerhonnert gebuer ginn. Berufflech war hien fir d’éischt réimeschen Offizéier. Duerno huet hien eng Karrière als héijen Beamten gemeet. Hien gouf Kanzleivirstand vum Statthalter vun enger Provënz am réimeschen Lauriacum, Dat ass esou eng Zort Generalsekretär vum Gouverneur vun der Provënz. Dat Lauriacum heescht haut Lorch un der Enns. Hien wor schonn deemools Chrëscht.

Um Ufank vum 4. Joerhonnert huet ënnert dem Keeser Diokletian eng grouss Chrëschteverfolgung ugefangen. An den eenzelnen Provënzen sinn d’Chrëschten ausgefuerscht ginn an si goufen virun d’Wiel gestallt ginn entweder dem Glawen un Christus ofzeschwieren an den heedneschen Götter an dem Keeser een Affer duerzebréngen oder si missten Gefaangenschaft, Folter an Doud op sech huelen.

Wéi den Florian, deen zu dëser Zäit schonn an der Pensioun war, héieren huet, dat 40 Chrëschten an senger Uertschaft Lauriacum verhaft goufen an am Prisong séizen, huet hien d’Decisioun geholl fir hinnen ze hëllefen. Dobäi huet hien saïn eegent Liewen op d’Spill gesat. Hien huet sech beim Statthalter Aquilinus fir dës Mënschen agesat an hien huet sech dobäi selwer als Chrëscht ze erkenne ginn. Dofir ass hien an Ongnod gefall an hien gouf fir d’Decision gestallt fir dem Glawen ofzeschwieren. Fir den Florian war et eng Charaktersaach och an dëser Situatioun weider Trei zu Christus ze stoen an sech solidaresch mat sengen Komeroden ze weisen. Hien ass mësshandelt an gefoltert ginn an wéi d’Réimer gesinn hunn dat hien trotzdem saïn Glawe nët géif opginn, hunn si him ee Millesteen ëm den Hals gehaang an si hunn hien an der Enns erdrénkt.

Fir wat ass den hellegen Florian Schutzpratréiner vun de Pompjeeën ginn ? Nët eleng wéinst senger Relatioun zum Waasser, mee vill méi wéinst senger Bereetschaft sech ënner Liewensgefore fir seng Matmënschen anzesetzen. Hien wollt fir seng chrëschtlech Glawensbridder dat maachen, wat fir hien méiglech war an hien ass doduerch selwer a Gefor kommen.

Hien, deen jo schonn an der Pensioun war, hätt jo och kënnen doheem sëtze bleiwen an onbedeelegt nokucken, wéi onschëlleg Mënschen an Doudesgefor waren, mee neen, hien huet ee Wee gesicht fir hinnen ze hëllefen.

Ass dat net och d’Aufgab vun den fräiwëllegen Pompjeeën ? Wéivill Stonnen vun eiser Fräizäit an eiser Rou afferen mir, fir eisen Matmënschen ze hëllefen wann si a Gefor sinn. Als Pompjeeën versichen mir alles fir sëcher ze schaffen, mee wann et haart op haart geet an et sinn Mënscheliewen a Gefor dann bleiwen mir och nët einfach doheem sëtzen, mee mir riskéieren eventuell eis Gesondheet, jo souguer eist Liewen. Do kann den hellegen Florian eist ee groost Virbild sinn.

Fir den héijen Beamten Florian war den Dingscht um Matmënschen an den Glawen un Gott eng lieweg Eenheet. Den Glawen huet him d’Kraaft ginn fir den Mënschen an der Nout ze hellefen.

Och fir eis, léif Pompjeeskolleginnen a -kollegen, soll den Dingscht um Matmënschen an den Glawen un Gott eng lieweg Eenheet sinn.

Besonnesch wann een anere Mënschen an Nout hëllefen wëll, kann een kuerzt Gebiet, engem virum Asaatz Kraaft ginn.

Och nom Asaatz kann ech dem Härgott Merci soen dat alles gutt ofgelaf ass. Wann ech um Asaatz eppes Onschéines erlieft hunn, wann ech mat Doud oder anerem Misär konfrontéiret gouf, kann ee Gebiet mir hëllefen. Och dofir soll eis den hellegen Florian ee Virbild sinn.


Fürbitten

Loosse mir eisen Merci an eis Fürbitten virun den Härgott bréngen.

Mir soen Dir Merci fir d’Engagement, fir d’Asaatzbereetschaft an Kamerodschaft vun de Pompjeesfraën a Männer an och de Jugendpompjeeën aus eiser Gemeng.
Jiddereen huet seng Talenter an seng Fähigkeeten zum Wuel vun senge Matmënschen abruecht.
Iwwerall wou si konnten hunn si gehollef dem Nächsten d’Liewen ze retten, Haus an Haff ze schützen oder anerwäerts schlëmme Schued ze verhënneren.
Hei ans do hunn si souguer hiert Liewen oder hir Gesondheet riskéiert.
Mir bieden Dech,
Gëff eis och an der Zukunft
Kraaft an Ausdauer,
Phantasie an Kompetenz
Courage, mee och déi néideg Rou,
Eisem Nächsten esou professionell wéi méiglech beizestoën.
Behitt an beschütz eis bei allem wat mir maachen,
Fir dat mir gesond un Laif a Séil vun eisen Asätz zeréck kommen.
Härgott héier eis,
Härgott, erhéier eis.

All Asaatz erfuerdert Konzentratioun an Opmierksamkeet.
Fir gutt schaffen ze kënnen, brauchen mir eng gutt an zouverléisseg Zesummenaarbecht. jiddwereen muss sech een op den aneren verloossen kënnen, nom Motto. « Enn fir all – all fir een. »
Mir bieden Dech :
Stäerk an festeg eis Kamerodschaft. Stäerk den Teamgeescht. Loos jiddwereen vun eis seng Fähigkeeten entdecken an entwéckelen.
Hëllef eis och gutt mat Konflikter ëmzegoen.
Härgott héier eis,
Härgott, erhéier eis.

Verschidden vun eisen Asätz hunn sech an eist Gediechtnes a geprägt,
Biller vun Asätz verfollegen eis och nach no laanger Zäit.
Dat wat mir gesinn oder héieren hunn belaascht eis hei ans do bis an eis Dreem.
Mir bieden Dech :
Huel wech vun eis, wat eis Séil belaascht.
Hëllef eis ze erkennen wat eis Erliichterung schaaft.
Gëff eis de Courage iwwer eis Problemer ze schwätzen mat Dir, mat eise Komeroden, mat eisen Partneren doheem an mat eise Frënn.
Härgott héier eis,
Härgott, erhéier eis.

Elo wou mir am Kader vun der Permanence ëmmer méi dacks op Autosaccidenter geruff ginn, wäerten mir méi oft mam Doud oder schwéieren Verletzungen vun eise Matmënschen konfrontéiert ginn.
Hei ans do hat eist Schaffen keen Erfolleg, mir waren ze spéit.
Et bleift eis näischt anescht iwwereg Doudeger eraus ze huelen, an hir Familljen ze tréischten.
Mir bieden Dech :
Gëff eis d’Kraaft de Mësserfolleg an d’Hëlleflosigkeet auszehalen.
Huel eis d’Angscht virum Doud, dat mir mam Doud vun eisen Matmënschen richteg an respektvoll ëmgoen kënnen.
Stéi eis bei an eiser Trauer, wann mir nët méi weider wëssen.
Härgott héier eis,
Härgott, erhéier eis.

Mir kënnen eis nëmmen fir eis Matmënschen asetzen, wëll doheem an och op der Aarbecht anerer eis Aarbecht matmaachen.
Eis Fraen doheem, eis Liewenspartner an och eis Frënn an Aarbechtskollegen halen eis de Réck frei. Si stäerken eis am Prakteschen, mee och am Moraleschen, well bei hinnen kënnen mir eis ausschwätzen.
Mir bieden Dech,
Hëllef eis fir hinne Merci ze soen fir all Guddes dat si fir eis maachen.
Hëllef eis eewer och ze erkennen, wann mir eis verausgaben, wann mir eis selwer futti maachen.
Härgott héier eis,
Härgott, erhéier eis.

Generatioune vun Pompjeeskollegen hunn schonn virun eis un de selwechten Zieler geschafft, wéi mir elo. Hirem Engagement hunn mir gréisstendeels ze verdanken, wat vun Pompjeesmaterial an eisen Uertschaften steet. Och dat meescht vun eisem Wëssen an vun eisen Erfahrungen hu mir hinnen ze verdanken. Voller Dankbarkeet kucken mir zeréck op dat wat si geschaf hunn.
Ëmmer erëm verléieren Pompjeeën an Memberen vun aneren Rettungsorganisatiounen hiert Liewen, hei ans do esou guer am Asaatz.
Mir bieden Dech,
Loss déi Verstuerwen an Fridden rouhen.
Hëllef eis hirt Wierk an Eier ze haalen an weider ze féieren.
Huel loch eis an Dein Himmel op, wann d’Stonn eis Schléit.
Härgott héier eis,
Härgott, erhéier eis.

Dëser Deeg pilgeren vill Lëtzebuerger an och Auslänner an d’Kathedral bei d’Muttergottes. Vill Leit droen hir grouss an hir kleng Suergen virun d’Tréischterin vun de Betrübten.
Mir bieden Dech,
Looss all dës Pilger eng Stäerkung an hirem Glawe erfueren.
Härgott héier eis,
Härgott, erhéier eis.

An der Stëllt wëllen mir an dem Härgott seng Hänn all dat leeën, wat eis perséinlech beweegt.
Härgott héier eis,
Härgott, erhéier eis.

Herrgott, mir vertrauen op d’gutt Wuert vum hl. Florian, eisem Patréiner a vun Maria, der Tréischterin an mir gleewen, dat eist Gebied nët emsoss ass. Duerfir luewe mir Dech an soen Merci duerch Christus, eisen Här.
Amen.


Gebet

Lasst uns beten,
Herr unser Gott, du hat die Welt erschaffen und alles wunderbar geordnet. Die Elemente stehen in deinem Dienst und erhalten die Menschen am Leben. Das Feuer spendet Wärme und Licht, es schmilzt das Erz und läutert das Gold. Es kann auch zur Gefahr werden für Mensch und Tier, für Hab und Gut. Schütze die Menschen, die als Feuerwehrleute ihren Dienst zum Wohl der Gemeinschaft verrichten. Bewahre uns vor Schaden und mache uns alle bereit zu aufrichtiger Zusammenarbeit, zu brüderlicher Hilfeleistung und zum Dienst am Nächsten.
Großer und starker Gott, Du hast den heiligen Florian und seinen Gefährten die Gnade geschenkt, den Glauben an Christus durch ihr Sterben zu bezeugen. Gewähre uns Schutz und Hilfe und gib auch uns den Mut, den Glauben unerschrocken zu bekennen.
Darum bitten wir Dich durch Christus, unseren Herrn.
Amen.

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert