Florian 2016 Reckingen

7. Mee 2016 – Aleedung

Wäert Eiregäscht, léif Pompjeeskollegen,

Enn 1967 gouf d’Entente vun de Pompjeescorps’en aus der Gemeng Miersch gegrënd. Hier éischt Florianfeier gouf 1975 zu Schéndels gefeiert. D’Fest vum hellige Florian ass traditionell fir eis eng Geleeënheet fir un eis verstuerwe Komeroden an un eis verstuerwen Éierememberen ze denken.
Wien ass dësen Hellegen a wat fir eng Bedeitung huet hien haut nach fir eis?
Mir sin ëm 300 no Christus. D’Chrëschtentum huet sëch op viele Plaatzen vum réimische Räich ausgebreet. Déi réimech Zaldoten an déi réimech Händler hunn déi nei Relioun bis an déi verschiddenst Provënze vum réimischen Imperium weider gedroën. Och am Süden vun Däitschland an an Éisterräich ass d’Chrëschtentum ukomm. Déi Zäit si wahrscheinlich och déi éischt Chrëschten an eis Géigend komm.Mam Florian begéint eis also um Ufank vum 4. Joerhonnert een héigen réimischen Beamten als Märtyrer. Dat weist eis dat deemols d’Chrëschtentum säi Wee bei déi verschiddenst sozial Schichte fond huet. Dorun konnten och d’Chrëschteverfolgungen an de Joren 303 bis 305 nët allzevill änneren – am Contraire – schon 313 huet de Keeser Konstantin d’Chrëschtentum als gleichberechtigt Religioun missten zouloossen. Mee sowäit si mir nach nët.
De Florian war Kanzleivorstand, also eng Art Generalsekretär, beim Zivilstatthalter vun der Provënz Noricum gewiescht; dat as déi Géigend uewen an Éisterräich bei Linz. Hien war also ee ganz héije Beamten. Zu der Zäit, also am Joer 304, war hien schon an der Pensioun. Vielläicht as hien och scho bei enger vun de Chrëschteverfolgungen virdrun wéinst séngem Glaawen an d’Pensioun geschéckt ginn.
Hien huet dunn vu Chrëschteverfolgungen an der Uertschaft Lauriacum, op Däitsch Lorch, héieren. Do waren eng 40 Chrëschte wéinst hirem Glaawen an de Prisong gehäit ginn an hinne sollte de Prozess gemeet ginn. De Florian wollt hinnen hëllefen, aan dofir ass hien och dohin gaang. Hien gouf du vum Statthalter Aquilinius festgeholl an verurteelt, well hien refuséiert huet séngem Glaawen ofzeschwieren an de réimische Götter ze afferen.
Hien krutt e Steen ëm den Hals gebonnen an gouf an de Floss Enns gehäit. Och déi 40 aaner Chrëschten sinn duerno higeriicht ginn.
Spéider sinn e ganze Koup Legenden ronderem de Florian entstaan, sou dat verschidde Leit gezweifelt hunn, ob de Florian iwerhaapt existéiert hätt. Allerdings ginn ët eng ganz Reih vun historischen Trassen, déi beweisen dat dat sëch esou ofgespillt huet. Dorops ginn ëch elo nët weider an.
Jiddfereen vun eis wees, wat fir eng wichtig Missioun d’Pompjeeën am Interesse vun der Sëcherheet vun hire Matbierger hunn, getrei dem Motto: “Gott zur Ehr – dem Nächsten zur Wehr”.
A ville Pompjeesgebäier uechter hallef Europa fënd ee Biller vum hellige Florian, och gesäit een hien op ville Pompjeesfändelen.
Den hellege Florian huet séng Glawensbridder nët am Stach gelooss. An hien huet dobäi säi Liewe verluer. Haut géife mir soën, hien huet Zivilcourage a Solidaritéit bewisen. Hien huet sëch fir séng Matmënschen agesaat.
Sëch fir hir Matmënschen asetzen, dat machen och déi fräiwëlleg Pompjeeën hei an der Gemeng an iwerall op der Welt.
Haut hu vill Leit d’Tendenz hiert Liewen onofhängeg ze gestalten, sie kucken nëmen nach no sëch selwer. Hir Fräizäit, hir Hobbyen, dat ass fir si dat Wichtigst. Si këmeren sëch nët ëm hir Matmënschen, si wossen oft emol nët wéi hiren Noper heescht.
Op der anerer Säit ass ewer e gudd Gefill fir ze wossen, datt ee gebraucht gët.
Och de Florian wousst, dat hie gebraucht géif. Hien huet séng Sëcherheet verlooss fir sénge Matchrëschten, sénge Matbierger ze hëllefen. Och wa vill Pompjeeën sëch nët vill Gedanken iwert d’Motivatioun vum hellege Florian machen, ass ewer genee dës Motivatioun bei hinnen ze fannen. Si weisen Engagement, Solidaritéit an Zivilcourage.
Dofir loosse mir elo zesummen dës Mass feieren am Geescht vum hl. Florian a getrei eiser traditioneller Devise: “Gott zur Ehr – dem Nächsten zur Wehr”.


Fürbitten

Zesummen mam hellegen Florian, eisem Schutzpatréiner, wëlle mir elo zum Herrgott bieden:

Mir bieden fir all Pompjeeën an och fir all Memberen vun Hëllefsorganisatiounen, dat sie hir Freed fir de Matmënschen ze hëllefen, behaalen.
Herrgott, héier eis. – Herrgott, erhéier eis

Mir bieden fir eis Jugendpompjeeën, dat sie och weiderhin hirem flotten Engagement trei bleiwen.
Herrgott, héier eis. – Herrgott, erhéier eis

Op eisen Asätz, besonnesch bei den Autosaccidenter, begéine mir dem Doud a schwéiere Blessuren. Oft gesin mir jonk Leit déi hiert Liewn muttwëlles verluer hun oder op d’Spill gesat hunn. Hëllef Du hinnen, mee hëllef och eis, déi mir oft hëlleflos virun deem Misär stinn.
Herrgott héier eis. – Herrgott erhéier eis

Mir bieden all déi Leit, déi mam Pompjeeswiesen ze dinn hun, besonnesch elo wou d’Rettungswiesen an engem Wandel ass. Hëllef Du hinnen datt si all hir Décisiounen am Interessen vun hire Matmënschen ze huelen.
Herrgott, héier eis. – Herrgott, erhéier eis

Mir bieden och fir eis, dat mir nom Virbild vum hellege Florian och ëmmer couragéiert zu eisem Glaawen stinn, dat mir och an eisem deegliche Liewen Solidaritéit an Zivilcourage weisen.
Herrgott, héier eis. – Herrgott, erhéier eis

Mir bieden fir all eis verstuerwe Memberen, speziell fir déi, déi eis an leschter Zeit verlooss hun, beloun Du sie fir alles wat si aus Nächsteléiwt gemeet hun.
Herrgott, héier eis. – Herrgott, erhéier eis

Herrgott, mir vertrauen op d’gudd Wuert vum hl. Florian, eisem Patréiner a mir gleewen, dat eist Gebied nët emsoss ass. Duerfir luewe mir Dëch a soë Merci duerch Christus, eisen Här.

Amen.


xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,