Florian 2009 Schoenfels

Aleedung zur Florianfeier zu Schëndels,
den 16. Mee 2009

 Wert Eiregäscht, Léif Pompjeeskollegen, Léif Matchrëschten,

Mir feieren haut d’Mass zu Eiren vum hellege Florian fir all liewend a verstuerwen Pompjeeën aus der Gemeng Miersch, mee och fir all Pompjeeën op der ganzer Welt. Dës Traditioun gët ët schon méi ewéi 40 Joër hei an eiser Gemeng.

Den Sënn vun dësem Fest as et och fir den Komerodschaftsgeescht vun den Pompjeeën ze stärken.

Den Florianus, wéi sein Numm op Latein as, huet virun 1700 Joër geliewt zu enger Zeit, wou dat réimecht Weltreich ziemlich grouss war. Grouss Deeler vun Däitschland an Eisterreich, an och vu Lëtzebuerg waren deemols vun de Réimer besaat. Zu Miersch fanne mir jo nach Spueren aus der Zeit, z.B. d’Réimervilla. Den Florian as der Géigend vun Sankt Pölten an Eisterreich gebuer als Jong vun réimeschen Elteren. De Florianus as gedeeft gin an am chrëschtlechen Glaawen erzun gin. Spéider as hien an déi réimech Arméi gaang, do huet hin et bis zum héigen Offizéier bruecht. Wéi seng Dingschtzeit eriwer war, krutt hin e relativ héigen Posten an der réimecher Verwaltung.

Am Joër 303 as ët dun ënert dem réimische Keeser Diokletian zur leschter grousser Chrëschtenverfolgung komm. Schon 299 sin all d’Chrëschten aus der Arméi entloss gin. 303 as dun de chrëschtlëchen Glaawen ganz verbueden gin, Kiirchen sin zerstéiert gin an d’Leit hu missten zerëck an den heednëschen Glaaw. Wien sëch dësen Virschrëften widersaat huet, as zum Dout verurteelt gin. Den Florianus huet deemols seng Pensioun geholl an as zerëck an sein Heemechtsduerf gaang.

Ugangs Mee 3004 as de hien du gewuer gin, dat 40 vun senge fréieren Komeroden zu Lorch, engem Viruert vun der Staadt Enns wéinst hirem Glaawen an de Prisong komm sin an do och gefoltert gin sin. De Florianus huet sëch direkt op de Wee gemeet fir sëngen Komeroden ze hëllefen. Hien hat gehofft, dat den Afloss, deen hien op sëngem fréiere Posten hat, him hëllefe kënnt fir den Statthalter Aquilinus ëmzestëmmen an fir esou d’Liewen vun dëse Prisonnéier ze retten.

Mee schon wéi hien op d’Brëck iwer d’Enns kommen as, as hien vun de Réimer festgeholl hin. Den Florianus deen sëch schon ëmmer zu sëngem chrëstlechen Glaawen bekannt hat, huet seng Meenung och nët changéiert, wéi en virun dem Aquilinus stung.

Den Florianus as gefoltert gin, mee all dës Mëshandlungen konnten hien nët vun sëngem Glaawen ofbrëngen. Dorop hin as hien zum Doud verurteelt gin. D’Zaldoten hun hien op d’Brëck iwert d’Enns gefouert, him een dëcken Steen ëm den Hals gebonnen, an hien vun der Brëck erof an d’Baach geheit.

An Texter aus dem 5. Joerhonnert no Christus gët den Florian schon als Hellegen bezeechent a schon deemols as sein Daag den 4. Mee gefeiert gin.

Vum 12. Joerhonnert un as hien als Schutzhellegen bei Blëtz, Feier a Wasser besonnesch an Eisterreich, am Süden vun Däitschland an a Südtirol veréiert gin. Wéi dun am 19. Joerhonnert déi éischt Pompjeeskorpsen gegrënd goufen, as hien dun och de Schutzpatroun vun de Pompjeeën gin.

Den Florian hätt sich deemols och kéinten onopfällig verhaalen an senge Kollegen nët zu Hëllef kommen. Wahrscheinlich hun deemols vill aaner Leit dat esou gemeet. Mee neen, den Florian huet sich op de Wee gemeet fir senge Matmënschen ze hëllefen an hien dobei däi Liewn riskéiert. Jo ët huet hien esouguer säi Liewen kascht. Doran soll hien eis Pompjeeën e grousst Beispill sin.

Mee hien soll och e Beispill fir all aaner Chrëschte sin, fir sëch fir hir Matbierger ze engagéiren an dat besonnesch zu dëser Zäit, wou ët ëmer méi schwierig gët fir Leit fir d’Benevolat ze begeeschteren.

Mir féieren elo zesummen d’Mass vum sechsten Sonndeg an der Ouschterzäit, wou an den Texter dorop higewise gët, dat mir an der Léift zum Härgott an an der Léift zu eise Matmënsche liewen sollen.


Fürbitten

Den Härgott  wëll dat mir an senger Léift liewen. Dofir huet hien eis seng Geboter als Direktiv, als Richtlinn ginn. Dofir wëlle mir elo bieden:

Härgott eise Papp:
Hëllef denger Kiirch, dat sie an deem wat sie seet a mëcht, e Beispill vun der Léift as. Härgott, heier eis.
Härgott erhéier eis

Behidd all déi, déi an der Öffentlichkeet stinn an do Muecht an Afloss hun, dofir jhust un hir Interessen ze denken, mee hëllef hinnen sëch fir hier Matmënschen anzesetzen.
Härgott, heier eis.
Härgott erhéier eis

Erfëll all déi, déi un Christus gleewen, mat Hoffnung an Zouversiicht. Hëllef all eise Matmënschen, déi an der Suerg ëm hir Aarbechtsplaatz liewen, dat sie eng Hoffnung gesinn fir sëch an hier Famill.
Härgott, heier eis.
Härgott erhéier eis

Verschoun eis virun Onglëk, Feier an aanere Katastrophen.
Härgott, heier eis.
Härgott erhéier eis

Hëllef dat eis Jugend och haut nach hiren Idealismus behällt fir aaner Leit ze hëllefen.
Härgott, heier eis.
Härgott erhéier eis

Op eisen Asätz begeene mir dem Doud an schwéire Blessuren. Oft gesin mir jonk Leit déi hirt Liewn mutwëllens verluer hun oder op d’Spill gesaat hun.  Hëllef du hinnen, mee hëllef och eis déi mir oft hëleflos virun deem Misär stinn.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis

Fir all verstuerwen Fraën a Männer, déi den Pompjeeën an dem Pompjeeswiesen verbonnen waren – dat Du sie an deng Gemeinschaft ophëllt an sie belounst fir alles wat sie aus Nächsteléift gemeet hun.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis

Härgott,
Du weist eis deng Léift un Du bas ëmer bei eis op eisem Liewenswee. Herrgott, mir vertrauen op d’gudd Wuert vum hl. Florian, eisem Patréiner a vun Maria, der Tréischterin an mir gleewen, dat eist Gebied nët emsoss ass. Duerfior luewe mir Dëch an soën Merci duerch Christus, eisen Här.

Amen.

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,