Florian 2017 Schoenfels

Florian-Feier zu Schendels
05/05/2017

Wäert Éieregäscht, léif Pompjeeskollegen,
Gëschter moien ass um Radio komm, de 4. Mee wier den internationalen Dag Pompjeeën. De 4. Mee ass de Namensdag vum hl. Florian. Dësen internationalen Dag gëtt et knapps zanter 20 Joer.
Schon zënter méi wéi 40 Joer feieren d’Pompjeeën aus der Gemeng Miersch, all zesummen, d’Fest vun hirem Schutzpatréiner, dem hellege Florian, fir hire verstuerwene Kollegen ze gedenken.
Dëst Joer hu mir nach weider Geleeënheete fir ze feieren, d’Entente vun de Pompjeeën aus eiser Gemeng besteet schonn zënter 50 Joer an de Corps vu Schëndels feiert säin 100. Gebuertsdag.
Fir erëm op de Florian zeréck ze kommen; De Florian war e Réimer, deen ëm 300 no Christus uewen an Éisterräich, an der Géigend vu Linz, gelieft huet. D’Réimer haten deemools grouss Deeler vun Europa besat. De Florian war réimeschen Offizéier an duerno huet hien an der Zivilverwaltung geschafft. Schon viru längerer Zäit war hien Chrëscht ginn.
Am Joer 304 no Christus ass et dann zur leschter grousser an och schlëmmster Chrëschteverfolgung ënnert dem Keeser Diokletian komm. All Chrëschten hu missen hirem Glawen ofschwieren soss géifen si zum Doud veruerteelt.
Den Florian selwer war an der Zwëschenzäit an der Pensioun. Wéi hien dunn awer héieren hutt datt 40 Persounen, déi hie kannt huet, wéinst hirem Glawen am Prisong sëtze géifen an mat der Doudesstrof rechne missten, huet hien nët laang gezéckt. Hien huet sech op de Wee no Lauriacum gemeet. Hien hat wahrscheinlech domat gerechent, datt hien nach genug Afloss bei de Réimer hätt fir deene 40 Leit ze hëllefen.
Wéi hien dunn op Lauriacum koum, huet hien sech dunn do als Chrëscht ze erkenne ginn. Hien ass festgeholl ginn an hien sollt sengem Glawen ofschwieren. Hien huet dat refüséiert. Dorops hin ass hien gefoltert ginn. Trotzdem wollt hien nach ëmmer sengem Glawen nët ontrei ginn. Schlussendlech gouf hien zum Doud veruerteelt. Hien krut ee Millesteen ëm den Hals gestréckt an dunn ass hien an de Floss “Enns” gehäit ginn, wou hien erdronk ass.
Wien war dësen Hellegen? Firwat ass den hellege Florian de Schutzpatréiner vun de Pompjeeën ginn? Hien hat sécherlech Zäit senges Liewens näischt mat Pompjeeën ze di gehat.
De Florian huet trotzdem villes mat de Pompjeeën gemeinsam. Hien huet säi Liewe riskéiert fir senge Matmënschen ze hëllefen. Et wier fir hien méi sécher gewiess, wann hien doheem bliwwe wier. Haut géife mir soen doheem beim Fernseher. Ma neen, de Florian huet sech op de Wee gemeet fir deene 40 Persounen ze hëllefen. Hien huet do Zivilcourage an Solidaritéit bewisen. Och mir als Pompjeeën beweisen mat eisem Engagement Zivilcourage an Solidaritéit. Dofir ass de Florian och haut nach, méi wéi 1’700 Joer no sengem Doud, nach ëmmer e Virbild. Haut an eiser Gesellschaft ass et néideg, datt mir alleguerten Solidaritéit an Zivilcourage beweisen.
De Florian ass fir säi Glawen agetrueden. Hien stoung fest zu sengem Ideal, dem chrëschtleche Glaf. Och mir solle fest zu eisem Ideal stoen, nämlech eise Matmënschen ze hëllefen bei Ongléck, Feier a Gefor. Dëst Ziel ass quasi identesch mat der chrëschtlecher Ideologie. Dofir steet och op ville vun eise Fändelen: “Dem Nächsten zur Wehr, Gott zur Ehr”. Den hellege Florian soll eis hëllefen, dat mir ëmmer eisem Engagement trei bleiwen fir eise Matmënschen 24 op 24 Stonnen an 365 Deeg am Joer ze hëllefen.
Den hellege Florian huet och Komerodschaftsgeescht bewisen. Déi 40 Chrëschten, fir déi de Florian sech agesat hat, an déi och zum Doud veruerteelt goufen, sinn nët dem Numm no bekannt. Mee d’Historiker huelen un, datt déi meescht dovun och réimesch Zaldoten waren, also Komeroden vum Florian. De Florian huet sech fir seng Komeroden agesat. Och dofir ass den hellege Florian ee Virbild fir eis. Dofir steet och op ville Fändelen vun de Pompjeeën de Sproch: “Ee fir All, All fir Een.”
De Florian kann eis alleguerten, op Pompjee oder net, als Virbild dingen. Wéi dacks komme mir am Liewen a Situatioune wou mir kéinten Zivilcourage weisen? Wéi reagéiere mir dann? Kucke mir ewech oder setze mir eis fir eis Matmënschen an? Weise mir déi néideg Solidaritéit?
Loosse mir an dëser Mass dofir bieden, dat mir an esou Fäll déi richteg Entscheedung huelen. Dofir wëlle mir haut zesummen dës Mass zu Éieren vum hellege Florian feieren an dobäi besonnesch eise verstuerwene Komeroden gedenken.


Fürbitten

Zesummen mam hellegen Florian wëlle mir elo zum Herrgott bieden :

Mir bieden fir all Pompjeeën an all Memberen vun Hëllefsorganisatiounen, dat si hir Ausdauer an hir Asaatzfreed behalen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis


Mir bieden fir eis Jugendpompjeeën, dat si och weiderhin hirem Engagement trei bleiwen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden all Leit déi mam Rettungswiesen ze dinn hunn, sief et an der Verwaltung, sief et an der Politik. Hëllef hinnen all hir Décisiounen am Interessen vun hire Matmënschen ze huelen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden fir eis krank Memberen, an haut speziell fir de Néckel Blasen, deen sëch viru 50 Joer agesaat huet fir eis Entente ze grënen an deen och gehollef huet dës Florianfeier anzeféieren. Schenk him déi néideg Kraaft fir mat sénger Krankheet eens ze ginn.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden fir all eis verstuerwen Memberen, speziell fir déi, déi eis an leschter Zäit verlooss hunn, beloun si fir alles wat si aus Nächsteléift gemeet hunn.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden och fir d’Pilger, déi dëser Deeg mat hire Suergen bei d’Tréischterin ginn, datt si mat neiem Mutt a festem Gottvertrauen heemkommen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden och fir eis, dat mir nom Virbild vum hellegen Florian och ëmmer couragéiert zu eisem Glawe stinn an dat Solidaridéit, Zivilcourage, Engagement an Komerodschaft keng eidel Wierder sinn.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Herrgott, mir vertrauen op d’gudd Wuert vum hl. Florian, eisem Patréiner a vun Maria, der Tréischterin an mir gleewen, dat eist Gebied nët emsoss ass. Duerfir luewe mir Dëch an soen Merci duerch Christus, eisen Här.

Amen.


xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,