Florian 2015 Moesdorf

Aleedung

Haut feiere mir zesummen d’Fest vum hellege Florian. Op ville Fändele vun de Pompjeeën an och a ville Pompjeesgebeier fanne mir Biller oder Statuen vum hellege Florian. Hien as eise Schutzpatréiner. Den hellege Florian gët haaptsächlich am däitschsproochische Raum veréiert. Bis a Kroatien a bis a Südschweden ech bei de Pompjeeën Biller vum hellege Florian begéint. A Frankreich an Italien fënd een éischter d’helleg Barbara als Schutzpatréinesch.
Den hellege Florian huet viru 1700 Joer gelieft, mee hien as och haut nach ëmer lieweg an aktuell.
Allzevill historisch Detailer wësse mir nët iwert hien. Hie war Chrëscht a Staatsbeamten an hien ass den 3. Mee 304 no Christus ëm d’Liewe komm an enger Uertschaft an Eisterreich, déi haut Enns heescht.
Mir wëssen ewer och, dat hien ëmt d’Liewe komm ass, well hien zu séngem Glaawe stung – an dat hien séng Frënn nët am Stach gelooss huet. Dës waren nähmlich duerch Chrëschteverfolgung vun de Réimer a Gefoer gerooden a sollten zum Doud verurtdeelt ginn. De Florian huet séng Frënn an der Gefoer nët eleng geloss. Dofir as hien ëm d’Liewe komm.
Haut huet ee modern Wieder fir esou ee couragéiert Antrieden: Zivilcourage a Solidaritéit. De Florian wousst dat hien gebraucht géif. Hien sëch vu senger sëcherer Plaatz aus op de Wee gemeet fir sénge Frënn ze hëllefen.
Och d’Pompjeeën maachen sëch op de Wee fir hire Matmënschen ze hëllefen.
“Retten, löschen, bergen, schützen”, esou gi bei eisen däitsche Noperen d’Aufgaben vun de Pompjeeën definéiert. Des Reihenfolg vun den Aufgabe mëcht schon ee Sënn. Fier d’éischt ginn d’Mënsche gerett, duerno gët dat geläscht wat nach weider Schued kéint maachen an da gët gebuergen a geschützt wat nach ganz ass.
D’Pompjeeën afferen hir Fräizeit fir hire Matmënschen ze hëllefen. D’Pompjeeën hu vill mam hellege Florian gemeinsam och wa vill vun eise Pompjeeën keng fleisseg Kierchegänger sinn.
Dofir wëlle mir haut zesummen dës Mass zu Eieren vum hällege Florian feieren, fir dobäi besonnesch eise verstuerwene Komeroden ze gedenken.


Fürbitten

Zesummen mam hellegen Florian, eisem Schutzpatréiner, wëlle mir elo zum Herrgott bieden:

Mir bieden fir all Pompjeeën an och fir all Memberen vun Hëllefsorganisatiounen, dat sie hir Ausdauer an hir Asaatzfreed behaalen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden fir eis Jugendpompjeeën, dat sie och weiderhin hirem flotten Engagement trei bleiwen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Op eisen Asätz gi mir dacks mat schwierigen Situatioune konfrontéiert. Mir gesi vill Misär a vill Leed. Hëllef eis dat mir nët doru verzweifelen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden all Leit déi mam Pompjeeswiesen ze dinn hun. Hëllef hinnen all hir Décisiounen am Interessen vun hire Matmënschen ze huelen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden fir all eis verstuerwe Memberen, speziell fir déi, déi eis an leschter Zeit verlooss hun, beloun Du sie fir alles wat si aus Nächsteléiwt gemeet hun.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden och fir d’Pilger, déi dëser Deeg mat hire Suergen bei d’Tréischterin gaang sinn, datt sie mat neiem Mutt a festem Gottvertrauen heemkommen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Mir bieden och fir eis, dat mir nom Virbild vum hellegen Florian och ëmmer couragéiert zu eisem Glaaw stinn.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis

Herrgott, mir vertrauen op d’gudd Wuert vum hl. Florian, eisem Patréiner a mir gleewen, dat eist Gebied nët emsoss ass. Duerfir luewe mir Dëch an soë Merci duerch Christus, eisen Här.
Amen.


Gebet

Es segne uns
der allmächtige Gott
in unserem Einsatz für die Menschen.

Er schenke uns Besonnenheit
das anzuwenden
was wir gelernt haben.

Er schenke uns Mut
in extremen Einsätzen zu tun,
was wir von uns selbst
nicht erwartet hätten.

Er schenke uns Geduld
hinzunehmen,
was wir nicht ändern können.
Er schenke uns nach jedem Einsatz
eine glückliche Heimkehr.

Unsere Hilfe steht im Namen des Herrn,
der Himmel und Erde erschaffen hat.

Amen


 Marcel SCHEUER, Bob KASEL, Claude BARTHEL, Daniel MARQUES, Romain BECKER und Michel MALHERBE

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert