Florian 2011 Reckingen

Florian 2011
14. Mee 2011 zu Recken

Léif Éiregäscht,
Léif Pompjeeskolleegen a –kolleeginnen,
Léif Leit alleguer,

D’Pompjeeën vun der Gemeng Miersch feieren schon méi wéi 40 Joer zesummen den hellege Florian als hire Schutzpatréiner. Op anere Platzen am Land gët déi helleg Barbara als Schutzpatréinesch veréiert, a munchen Uertschaften as ët den hl. Donatus. De Grupp „Aumonerie“ hat probéiert eng Karthographie vun dëser Hellegeveréihrung opzestellen, mee leider hun vill Corps’en keng Entwert op d’Ëmfro eran geschëkt.
Am Mëttelalter hun d’Leit haaptsächlich den hl. Laurentinus vu Roum an d’helleg Agathe vun Cantania als Patréiner beim Feier kannt. Béid Helleg hun e Martyrium mat Feier missen erdulden.
E weidere Hellegen, deen och op eenzelne Plaatzen als Patréiner vun de Pompjeeën veréiert gët, as den hellege Theobald, deen jo eng Zäit zu Pëtten geliewt huet an deem d’Eenelterkapell hei zu Recken geweiht as.
Bei eisen däitsche Noperen, fënd een eng Statue vum hl. Florian bal an all Pompjeesbau, an a Süddeitschland geseit een esou guer oft grouss Fassademolereien mam Bildnis vum hl. Florian op de Pompjeesgebeier.
Den hl. Florian gët och a Polen veréiert. Do sin eng 30 Paren, déi den Florian als Patréiner hun. Och de Popst Jean-Paul II, war vun 1949-1951 Vikar an enger Florianskirch an engem Viruert vun Krakau. 1984 schreiwt hien an engem Bréif un seng fréier Por:
“Florian, obwohl kein polnischer Heiliger, ist tief in die Geschichte Krakaus und unserer ganzen Heimat eingegangen, …”
Den hl. Florian as iwrigens och een vun de 14 Nothelfer.
Wien war dann elo den hellege Florian an wat këne mir haut nach vun him léiren?
Em 300 no Christus huet e groussen Deel vun Europa zum réimische Reich gehéiert, och Lëtzebuerg, an ewer och Eisterreich. An do an Eisterreich an der Géigend vun St. Pölten huet de Florian gelieft, sein Numm huet op Latein „Florianus“ geheescht.
Hien war réimische Zaldot, jo esou een hégen Offizéier. No senger Dingschtzeit als Offizéier als hien als héige Verwaltungsbeamten an der Géigend vun Lorch bliwen. Schliesslich as hien an d’Pensioun gang an as do an der Géigend wunne bliwen.
De Florian, wéi och vill aanerer, war zum chrëstliche Glaawen iwergetrueden. Dat gouf och lang Zäit toleréiert; obschons d’Réimer déi Zäit hir heednisch Götter veréiert hun. Enert dem Keeser Diokletian as ët dun erëm zu enger leschter grousser Chrëschteverfolgung komm.Den Drock op d’Chrëschten as ëmer méi stark gin. Ufangs sin all d’Chrëschten, déi an der réimescher Verwaltung geschafft hun, entlooss gin. Spéider sollt jiddfereen, deen nët dem chrëstliche Glawen ofschwiere wollt, zum Doud verurteelt gin.
An der Géigend ëm St. Pölten, war den Aquilinus Statthalter, an dat war e ganz scharfen Hond. Am Lager Lauriacum, dem heitige Lorch, huet hien 40 Chrëschte festgeholl, an de Prisong geheit, wou sie gequält goufen, fir dat sie hirem Glaawen ofschwiere sollten. Soss géifen sie zum Doud verurteelt.
Wéi den Florian dovun héiren huet, as hien op Lorch gang, well hien gehofft hat, do eppes, mat senge Relatioune, fir déi 40 Gefaangener maachen ze kënen. Hien huet sëch dun och als Chrëscht ze erkenne gin an hien dorops hin direkt festgeholl gin.
Trotz ville Quälereien as hien senger Iwerzeegung trei bliwen. Hien as zum Doud verurteelt gin. Hien krutt e Millesteen ëm den Hals gebonnen an hin as an de Floss Enns geheit gin.
Den Florian huet also sei Liewe hiergin fir sei Glaawen an fir seng Frënn a Kolleegen. Hien hätt och kënen dohee sëtze bleiwen, sëch nët mucksen. Dann wier him wahrscheinlich néischt geschidd.
Mee neen, hien as nët einfach an der Fautell sëtze bliwen, wéi seng Glawensbridder, seng Frënn, a Gefoer waren. Hien huet säin eegend Liewe riskéiert, fir aanere Mënschen, déi a Gefoer waren ze hëllefen, aus Solidaritéit an Zivilcourage. An hien huet jo dobei säin Liewen verluer.
Wéinst sengem engagéierten Handelen as hien och nach haut, ron huet  1700 Joer no sëngem Doud, ee Virbild fir eis als Pompjeeën.
Hien stung och fest zu sengem Glaawen, zu senger Iwerzeegung. Dofir as hien esou guer an den Doud gaang. Dat soll eis och haut nach ee Virbild sin.
No sengem Doud sin vill Legenden entstaan, an enger vun de Legenden heescht ët, hien hätt schon als jonke Kärel, eemol een Haus geläscht. An dofir gët hien an senger Tenue als réimesche Zaldot ëmer mat engem Eemer Wasser duergestallt. Dës Duerstellung war wahrscheinlich d’Ursaach firwat hien als Schutzpatréiner vun de Pompjeën erweielt gouf.
Mee fir mëch as säin Engagement senge Matmënsche géint iwer, villméi wichtig a virbildlich.
An dësem Sënn wëlle mir elo d’Mass feieren fir all verstuerwe Pompjeeën aus der Gemeng Miersch.
Mir denken och un all verstuerwe Pompjeeën weltweit, zum Beispill un déi Pompjeeën déi a Japan beim Erbeben, beim Sunami a bei der nuklearer Katastroph hiert Liewe geloss gun.
Mir denken och un déi verstuerwe Memberen vun aanere Rettungsorganisatioune hei am Land och weltweit.


Fürbitten

Zesumme mam hl. Florian wëlle mir elo zesummen eis Fürbitten virun den Härgott droën:

Fir all Pompjeeën an aner Rettungskräften, dat sie Ausdauer an Freed un hirem fräiwëllegen Engagement behaalen,
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Wann de Piepsert geet, a mir fueren op den Asaatz, dann as dat oft extrem. Mir wossen nët, wat eis um Asaatz erwaart a wat vun eis verlaangt gët. Hëllef eis, dat mir, dat wat mir geléiert hun, professionell uwenden an dat mir déi néideg Rouh a Gelossenheet behaalen.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Et gët ëmer méi schwierig fir néi Memberen ze fannen a fir jonk Leit fir dësen Dingscht un der Allgemengheet ze begeeschteren. Schenk Du hinnen d’Bereetschaft sëch an der Gemeinschaft anzebrëngen.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Op eisen Asätz sin d’Pompjeeën ëmer erëm geféierléiche Situatiounen ausgesaat, wou sie sich a Gefoer beginn fir aaneren ze hëllefen. Haal Du deng schützend Hand iwer eis.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Och an de Pompjeeën as ët wichtig, dat ët qualifizéiert Leit gin, déi bereet sin fir eng führend Plaatz am Rettungswiesen ze iwerhuelen. Dës Leit mussen oft schwéier an verantwortungsvoll Decisiounen huelen. Hëllef Du hinnen dat sie e klore Kapp och an extreme Situatione behaalen an schenk hinnen och dat néidegt Fangerspëtzegefill.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Pompjee sin verlaangt ëmer méi e groussen Zäitopwand. D’Zuel vun den Asätz hëlt permanent zou. D’Technik gët ëmer méi komplizéiert. Dat heescht dat mir och ëmer méi dacks üben mussen an dat mir méi dacks an eng Formatioun goë mussen. Dat sin oft wertvoll Stonnen, déi mir vun eiser Famill an och eise Frënn getrennt sin. Hëllef eis dat mir déi néideg Zäit fannen a loss eis Familjen mat Versteesdemëch op eist Engagement reagéiren.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Déi meescht vun eis kennen Pompjeeskomeroden, déi schon verstuerwe sin. Loss sie nët vergiess sin a schenk hinne bei Dir déi éiweg Rouh.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Op der Welt gin och haut nach Leit wéinst hirem Glaawe verfollegt, gequält an esou guer doud gemmet. Schenk alle Mënschen, déi wéinst hirem Glaawen Nodeeler erleide mussen, Courage a Kraaft.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Mir bieden och fir eis, dat mir nom Virbild vum hl. Florian couragéiert zu eisem Glaawe stin.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Haut as och de Weltdaag vun de kirchliche Beruffer. Hëllef all deene Leit, déi am Dingscht vun der Kiirch stin, dat sie e Beispill u Jesus Christus fannen an dat sie nom Virbild vum gudden Hiirt liewen.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Schenk der Kiirch geeschtlesch Beruffer, fir dat ëmer méi Mënschen de Wee zu Dir fannen.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Haut fänkt och d’Oktav un. Encouragéier all jonk Leit aus eisem Land, dat sie all hiirt Leed, hiir Problemer a Suergen der Tréischterin uvertrauen an mat neiem Elan hire Wee weidergin.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Här, eise Gott. Zesumme mam hl. Florian hu mir eis Dir elo am Gebied uvertraut. Erhéier eis Fürbitten. Dorëms biede mir Dëch duerch Jesus Christus, eisen Hiirt a Brudder.
Amen


Gebet

An der „Legenda aurea“, een Text aus dem 11. Joerhonnert, steht d’Geschicht vum hl. Florian geschriwen. Dësem Dokument no, soll de Florian, wéi e virum Statthalter Aquilinus stung, gebiet hun:

Herr, mein Gott, auf dich habe ich gehofft,
und dich kann ich nicht verleugnen,
sondern dir diene ich und bringe dir das Lobopfer dar.
Deine Rechte beschütze mich,
denn dein Name wird gepriesen im Himmel und auf der Erde.
Herr, gib mir Kraft durchzuhalten
und nimm mich unter deine heiligen Streiter auf,
die schon vor mir deinen heiligen Namen bekannt haben.
Du bist gepriesen in Ewigkeit.
AMEN

Aus dem Gebet des hl. Florian nach der „legenda aurea“.

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert