Florian 2010 Mersch

Florian 2010

Léif Éiregäscht,
léif Pomjeeskolleegen a –kolleeginnen,
léif Leit alleguer,
Virun méi wéi 40 Joer hun d’Pomjeeskorsps’en aus der Gemeng sich zur Entente zesumme geschloss.
Hirt Ziel war ët fir méi enk mateneen zesumme ze schaffen an fir dës Zesummenaarbicht no baussen ze wéisen hun sie Daag vum hellige Florian gefeiert. Dese schéine Brauch hun sie bei eisen däitsche Kolleegen ofgekuckt.
Den hellige Florian gët speziell am däitschsprochige Raum als Schutzpatroun vun de Pompjeeën veréiert oder an de Länner déi fréier zu Däitscland oder Éisterrich gehéiert hun. Esou hun ech Statuen a Biller vum hellige Florian a Pompjeesgebeier a Kroatien gesinn, dat fréier jo zu Éisterreich gehéiert huet. Och an Norditalien get de Florian vun de fräiwellege Pompjeeën veréiert, do gët allerdings déi hellig Barbara vun de Berufspompjeeën veréiert. Dës Hellig gët speziell vun eise franzéiseche Komeroden veréiert, et gin och lëtzebuerger Pompjeeën, déi d’hellig Barbara als Schutzpatréinesch hun.
Wien war dann elo den hellige Florian an wat këne mir haut nach vun him léiren?
Em 300 no Christus huet e groussen Deel vun Europa zum réimische Reich gehéiert, och Lëtzebuerg, dorun erënert jo z.B. d’Réimervilla zu Miersch;  an ewer och Eisterreich. An do an Eisterreich an zwar méi genee an der Géigend vun St.Pölten huet de Florian gelieft, sein Numm huet op Latein „Florianus“ geheescht.
Eent as sëcher; hien war kee Pompjee, mee hien war réimische Zaldot, jo esou een hégen Offizéier. No senger Dingschtzeit als Offizéier als hien als héige Verwaltungsbeamten an der Géigend vun Lorch bliwen. Hien war Kanzleivorstand, dat as ähnlich wéi e Generalsekretär beim réimische Statthalter vun der Regioun, mir géife soën: „een ziemlich dëkt Déier“.
Den Florian war zum chrëstliche Glaawen iwergetrueden, dat as och am Prinzip toleréiert gin obschon déi meescht vun de Réimer hir verschiodde Götter veréiert hun. Dat waren ener aneren: Jupiter, Juno, Neptun, Minerva, Mars, Venus, Appollo, Diana, Vulcanus, Vesta, Merkur an Ceres.
Enert dem Keeser Diokletian as ët allerdings dun zu enger Chrëschteverfolgung kommen. Des as duerch 3 Dekreter ordonéiert gin. Am éischte Dekret huet ët geheescht aaleguerten d’Chrëschten misste vun der réimischer Verwaltung entlooss gin. Am leschten Dekret sollten alleguerten Chrëschten, déi hirem Glaawen not oofschwiere wëllten, zum Doud verurteelt gin. Des Dekreter sin an de verschiddenste Géigende vum réimische Reich ënerschiddlich streng gehandhabt gin.
An der Provënz Ufernorikum, esou huet déi Géigend ëm St. Pölten bei de Réimer geheescht, war den Aquilinus Statthalter, an dat war e ganz scharfen Hond. Am Lager Lauriacum, dem heitige Lorch, huet hien 40 Chrëschte festgeholl, an de Prisong geheit, wou sie gepëngegt goufen, fir dat sie hirem Glaawen ofschwiere sollten. Soss géifen sie zum Doud verurteelt.
Wéi den Florian dovun héiren huet, as hien op Lorch gang, well hien gehofft hat, do eppes, mat senge Relatioune, fir déi 40 Gefaangener maachen ze kënen. Hien huet sëch dun och als Chrëscht ze erkenne gin an hien dorops hin direkt festgeholl gin.
Trotz ville Quälereien as hien senger Iwerzeegung trei bliwen. Hien as zum Doud verurteelt gin. Hien krutt e Millesteen ëm den Hals gebonnen an hin as an de Floss Enns geheit gin.
Den Florian huet also sei Liewe gin fir sei Glaawen an fir seng Kolleegen hiergin.
Haut gët an eise Länner kee méi fir sei Glaawe verfollegt, an ët wärt och kaum een vun eis an d’Situatioun komme fir de Märtyrerdoud ze stierwen. Mee trotzdem kann den hellege Florian fir eis e Virbild sin, wéi mir eise Glaawe liew kënen.
Fir mëch perséinlich as de Florian e Virbild gin, well hien vill vun den Eegeschaften verkierpert, déi och fir eis als Pompjeeë wichtig sin.
Hien as konsequent an sëngen Entscheedungen.
Mat vill Courage fängt hien eng Missioun un an hien mëcht se och färdeg.
Hien setzt sëch a fir seng Matmënschen, wann sie an Nout sin a wann sie Hëllef brauchen.
An dësem Sënn wëlle mir haut zesummen d’Mass zum hellige Florian fir all déi lieweg a verstuerwe Pompjeeën vun der Gemeng Miersch feieren.
Mir denken och un eis Frënn aus den aaneren Hëllefsorganisatioune, Protection Civile, an och aanerer.


Florian 2010 – Fürbitten

Zesummen mat eisem Schutzpatréiner, dem hellege Florian, wëllen mir elo zu Gott bieden :
Mir bieden fir all Pompjeeën an fir all Member vun enger Hëllefsorganisation, dat sie Ausdauer an Freed un hirem Engagement behaalen.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir all déi Leid, déi Nodeeler erleiden wéinst hirem Glaawen, datt sie d’Kraaft an de Courage nët verléiren.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden och fir déi, déi wéi den hellegen Florian couragéiert zu hirem Glaaw stin.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir eis Kierch. Schenk hier den hellege Geescht, fir dat sie ënert de Mënschen een Zeechen vun denger Léift as.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir all déi Krank, dat sie mat Hoffnung an d’Zukunft kucke kënen.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir all déi Mënschen déi verzweifelt sin, déi hirer Hänn kee Rot méi wëssen. Schenk hinne Matmënschen, déi hinnen beistinn.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir all déi Pompjeeën, déi eis an de leschten Joeren fir ëmer verloos hun. Beloun sie fir alles, wat sie sie am Dingscht vun hiren Matmënschen geleescht hun.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Gudde Gott, lauschter op eis Gebied an op alles wat mir um Härz droën. Dorëms bieden mir Dëch duerch Christus eise Bruder an Här.

Amen

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert