Florian 2014 Mersch

Florian 2014

Et as schonn eng flott Traditioun, dat d’Pompjeeën aus der Gemeng Miersch dësen Dag besonnesch feieren zu Éieren vun hirem Schutzpatréiner, dem hellege Florian an domat hire verstuerwene Komerode gedenken.
Den hellege Florian as viru méi wéi 1700 Joer gestuerwen, mee hien as trotzdem net an de Vergiess geroden.
Wat wësse mir iwwert hien? Hien as an der zweeter Halschent vum drëtte Joerhonnert an der Géigend vu Wien gebuer ginn. Hien huet eng Carrière als réimeschen Offizéier gemeet. Duerno huet hien am Zivildéngscht als Kanzleichef vum Statthalter geschafft vun der réimescher Provënz Ufer-Noricum, dem heitegen Ueweréisterreich.
Ufanks des 4. Joerhonnert koum et ënnert dem Keeser Diokletian zu enger grousser Chrëschteverfolgung. An den eenzelne Provënze gouf no Chrëschte gesicht. Dës goufen dann virun d’Wiel gestallt entweder dem Glaawen u Christus ofzeschwieren an den heednische Götter ze afferen, soss missten sie mat Prisong, Folter an esou guer Doud rechnen.
Wéi de de Florian, deen zu dëser Zäit schonn net méi am aktiven Dingscht war, héieren huet, datt eng 40 Chrëschten zu Lauriacum (Lorch) verhaft gi waren, an dat sie am Prisong op hir Bestroofung gewaart hunn, do huet hien d’Décisioun geholl fir hinnen ze hëllefen. Domat huet hien séin eegent Liewe riskéiert, wéi hien sech beim Statthalter Aquilinus fir dës Leit agesaat huet an sech dobäi selwer als Chrëscht bekannt huet. Fir de Florian war et eng Saach vum Charakter fir weiderhin trei zum Glaawen u Christus ze stoën an sech mat de verfollegte Chrëschten solidaresch ze weisen.
Och nodeems dat hien mësshandelt a gefoltert gouf, huet hien säi Glaawen net opginn. Dorops hin krut hien e Millesteen ëm den Hals gehong an hie gouf an der Enns erdronk.
Wat huet elo de Florian mat de Pompjeeën ze dinn? Fir wat as hien eise Schutzpatroun ginn? Ganz einfach: wéinst senger Bereetschaft säin eegent Liewen ze riskéieren fir senge Matmënschen ze hëllefen. Hien wollt sech fir seng Glawensbridder asetzen an hien koum selwer a Gefor. Hien hätt sech jo och kënen eraus halen an einfach nokucken wéi onschëlleg Mënschen ëm d’Liewe koumen. Mä hien huet probéiert hinnen ze hëllefen.
As dat net och esou bei de Pompjeeën? Wéi vill Stonne vun Ärer Fräizäit affert Dir, fir bereet ze sinn wann Är Matmënschen Iech brauchen. Op eisen Asätz probéiere mir fir sécher ze schaffen, fir eis selwer net mutwelles a Gefor ze setzen, mee trotzdem musse mir ewer domat rechnen dat mir eventuell eis Gesondheet oder esou guer eist Liewe riskéieren. Do kann den hellege Florian eis als Virbild dingen.
Ech wëll esou guer esou wäit goen fir ze behaapten, dat fir de Florian den Dingscht um Nächsten an säi Glaawen un den Härgott eng Eenheet ass. Graad aus sengem Glaawen krut de Florian d’Kraaft fir de Matmënschen an hirer Nout ze hëllefen. „Gott zur Ehr – dem Nächsten zur Wehr“ ass dofir zum Motto vun de Pompjeeën ginn.
De Florian kann eis alleguerten, op Pompjee oder net, als Virbild dingen. Wéi dacks komme mir am Liewen a Situatioune wou mir kéinten Zivilcourage weisen? Wéi reagéiere mir dann? Kucke mir ewech oder setze mir eis fir eis Matmënschen an? Weise mir déi néideg Solidaritéit?
Loosse mir an dëser Mass dofir bieden, dat mir an esou Fäll déi richteg Entscheedung huelen.


Fürbitten

Loosse mir bieden zu dem Gott, dem mir eist Liewe verdanken an zu deem mir ënnerwee sinn:

 Fir all verstuerwe Memberen aus eise Corps’en a fir all verstuerwe Pompjeeën. – Beloun si fir all dat Gudd, dat si an hirem Liewen fir anerer gemeet hunn an huel si op an deng Herrlechkeet.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis


 Fir all verstuerwe Fraën a Männer, déi de Pompjeeën an dem Pompjeeswiesen verbonne waren – dat den Härgott si an seng Gemeinschaft ophellt an si belount fir alles wat si aus Nächsteléift gemeet hunn.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis


 Op eisen Asätz begéine mir dem Doud a schwéiere Blessuren. Oft gesin mir jonk Leit déi hiert Liewn muttwëlles verluer hun oder op d’Spill gesat hunn. Hëllef du hinnen, mee hëllef och eis déi mir oft hëlleflos virun deem Misär stinn.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis


Wa mir op een Asaz fueren, wesse mir net wat eis do erwaart a wat vun eis erwaart gëtt. Hëllef eis dat mir ëmmer dat wat mir geléiert hunn professionell uwennen an dat mir ëmmer déi néideg Rou behalen.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis


Et gëtt ëmmer méi schwéier fir nei Pompjeeën ze fannen a fir jonk Leit fir den Dingscht un hire Matmënschen ze begeeschteren. Schenk Du hinnen d’Bereetschaft fir Zivilcourage a Solidaritéit ze weisen.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis


 Op der Welt ginn och haut nach Leit wéinst hirem Glawe verfollegt, gequält an esou guer doud gemeet. Schenk alle Mënschen, déi wéinst hirem Glawen Nodeeler erleide mussen, Courage a Kraaft.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis


 Herrgott, mir vertrauen op d’gudd Wuert vum hl. Florian, eisem Patréiner a vu Maria, der Tréischterin a mir gleewen, dat eist Gebied net emsoss ass. Duerfir luewe mir Dëch a soën Merci duerch Christus, eisen Här.

 Amen.


xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert