Florian 2012 Rollingen

Mass zum hl. Florian
Rolleng, den 12. Mee 2012

Einleitung

Wäert Éiregäscht, léif Pompjeeskollegen, léif Leit alleguer,
Et as schonns eng flott Traditioun, datt d’Pompjeeën aus der Gemeng Miersch all Joer zesummen d’Fest vum hellege Florian feieren a bei dëser Geleeënheet un all déi verstuerwene Pompjeeën aus der Gemeng gedenken.
Den hl. Florian – e Chrëscht mat Zivilcourage- doriwwer wollt ech e puer Wuert an dëser Aleedung verléieren.
Wat wësse mir iwwert d’Liewen vun dësem Hellegen, deen a groussen Deeler vun Europa als Schutzpatréiner vun de Pompjeeën veréiert gëtt?
Wou e gebuer gouf, steet net genee fest, mee d’Historiker ginn dovun aus, dat hien an der Géigend vu Sankt Pölten an Niederösterreich opgewuess as an dat hien schon chrëschtlech erzu gouf. Am drëtte Joerhonnert war de chrëschtliche Glaawen mat de Réimer och an Éisterreich ukomm.
Et kann een dovun ausgoen, dat de Florianus aus enger “besserer” Famill stammt. Als jonken Erwuessenen as hien an déi réimech Arméi gaang, wou hien ët an der Legioun, déi do an der Géigend stationéiert war, zum héigen Offizéier bruecht huet. Bei de Réimer war et esou, dat wann een 20 Joer Dingscht an der Arméi gemeet hat, ausgemustert gouf an entweder ee Stéck Land krut oder an den zivilen Dingscht iwwerholl gouf. Den Florian as also no senger Arméizäit een héige Beamte ginn. Hien wor dem Statthalter Aquilinus säin “Kanzleivorstand”, haut géife mir soën Generalsekretär. Dat de Florian esou een héige Poste kréie konnt as och een Zeechen dofir, dat hien aus enger “besserer” Famill koum.
An de Joren 303 an 304 as et dann zu der leschter grousser Chrëschteverfolgung komm, dëst ënnert dem Keeser Diokletian. Dës Chrëschteverfolgung war d’Folleg vun 4 Gesetzer, och “Edikter” genannt, fir déi Leit déi Kreuzworträtsele maachen. Nom 1. Edikt goufen d’Kierchen zerstéiert, Bibele verbrannt, an d’Chrëschten an den héigere Positioune bei der Arméi oder beim Staat goufen entlooss. Op Grond vun dësem Edikt as de Florian wahrscheinlech zwangspensionéiert gin.
Am zweeten an am drëtten Edikt, sinn d’Priestere an de Prisong geheit gin fir se zum heednische Glaawen ze forcéieren.
Am 4. Edikt sinn all Chrëschte gezwong ginn fir den heednische Götter ze afferen. Anerwäerts géife sie zum Doud veruerteelt.
No senger Zwangspensioun as de Florian an seng aal Heemecht bei St. Pölten zerëk geplënnert. An elo fänkt seng Leidensgeschicht un. Dës Geschicht as an 2 uraalen Dokumenter niddergeschriwwe gin. Eng Kéier as ët d’“Martyrologien”, dat as ee Listing vun de Märtyrer, no de Gedenkdaten gesënnert. Dat anert Dokument as d’”Passio Floriani”, also d’Leidensgeschicht vum Florian op Latäin, dëst Dokument fënd een an aale Manuskripter aus dem 9. Joerhonnert. Et as aus dësem Dokument, wou ëch zitéiere wäert fir gewuer ze ginn, wat deemols den 4. Mee 304 geschitt as. Ech zitéiren aus der däitscher Iwwersetzung, well mäi Latäin as och net bedeitend.
In der Zeit des Kaisers Diocletian und Maximian erhob sich eine Verfolgung gegen die Christen. Damals verwaltete Ufer-Noricum (Niederösterreich) der Statthalter Aquilinus, der nach seiner Ankunft in Lorch die Christen eifrig ausforschen ließ; es wurden 40 von ihnen ergriffen und nach vielen Martern eingekerkert. Als davon der Amtsvorsteher Florianus, der damals im Stadtgebiet von Cetium (St. Pölten) wohnte, erfuhr, eilte er nach Lorch und bekannte sich als Christ. Darauf forderte ihn der Statthalter auf, den Göttern zu opfern; doch Florianus weigerte sich und blieb auch dann noch standhaft, als er ihn foltern ließ. Schließlich fällte er das Urteil und befahl, ihn von der Brücke mit einem Stein um den Hals in die Enns zu stürzen.“
Déi zweet Halschent vum Text géif ech éischter als Legend klasséieren: (Eng Legend as kee Märchen, et as sëcherlech een Deel Wourecht dobäi, mee mat der Zäit as esou vill dobäi gefléckt ginn, dat een net muss all Wuert fir bor Mënz huelen).
Der ihn hinab stieß, erblindete; der Fluss erschrak und setzte den Leichnam auf einem aufragenden Felsen ab, wo ihn ein Adler mit ausgespannten Flügeln in der Form eines Kreuzes beschützte. Da nun offenbarte sich der Heilige einer Frau – der Witwe Valeria – und zeigte ihr die Stelle an, wo er zu finden wäre. Auf sein Erscheinen hin spannte sie Zugtiere ein, fuhr zur Enns und fand den Leichnam, den sie aus Furcht vor den Heiden mit Gesträuch und Laubwerk verbarg.
Auf dem Wege zu dem angewiesenen Bestattungsort ermüdete das dürstende Gespann und kam nicht mehr vorwärts; Da entsprang auf das Gebet der Begleiterin hin eine sprudelnde Quelle, die noch heute fließt; die erquickten Tiere blieben auf der Weiterfahrt an dem Orte stehen, den der Heilige bezeichnet hatte. Wegen der heftigen Verfolgung begrub sie ihn eilig und heimlich unter der Erde; dort nun geschahen viele Wunder: Es wurden böse Geister ausgetrieben, Fiebrige geheilt, und alle Kranken, die hoffen, erlangen Barmherzigkeit. Die erwähnten 40 Bekenner starben im Kerker. Das geschah zu Ufer-Noricum (Niederösterreich) in Lauriacum (Lorch) in den Tagen Diocletians und Maximians, als Aquilinus Statthalter war.“
Esou weit aus den aalen Texter. Es as eigentlech net ganz vill wat mir iwwert den hl. Florian wëssen. Mee, dee Message, deen hien eis duerch säi Liewen a säi Stierwen hannerlooss huet, huet Joerhonneten iwwerdauert an dëse Message as fir eis haut no méi wéi 1700 Joer nach ëmmer genee sou wichteg, wéi en deemools fir seng Glaawensbridder a – schwëstere war.
Hien as senger Iwwerzeegung trei bliwwen och wann hien dat huet misse mat sengem Liewe bezuelen. An dofir as hien och fir eis als Pompjeeën ee Virbild. Hie léiert eis och a schwieregen Zäiten zu senger Iwwerzeegung ze stoën, Zivilcourage ze weisen an senge Frënn an der Nout ze hëllefen. Hien as op Lorch gaang fir senge Glaawensgenossen ze hëllefen, wéi hien héiren hat, dat sie a Schwieregkeete wieren an Hëllef bräichten. An dat obschonn hien domat rechne musst, dat seng Solidaritéit, seng Hëllef, him d’Liewe kaschte kéint.
Solidaritéit, Zivilcourage, sech fir déi Schwaach asetzen, dat sin chrëschtlech Wäerter, déi zu allen Zäite gülteg sin. Den hl. Florian as eis als Pompjeeën e wonnerbart Beispill dofir, dat och no Joerhonnerten nach ëmmer seng Gëltegkeet huet.
Den hl. Florian huet zu senger Zeit säi Glaawe bekannt an senge Matmënsche gehollef. Och eis Zeit kennt Nout a Suergen. Dës Nout a Suergen huet vill verschidde Gesiichter. Vill Mënsche waarden drop, dat hinne gehollef gëtt. Et leit un eis, eis alleguer, nët nëmmen un de Pompjeeën, dat mir un der Nout vun eise Matmënschen net einfach laanscht ginn.
An dësem Sënn wëlle mir haut Mass zu Éire vum hl. Florian feieren an domat all de verstuerwe Pompjeeën gedenken, déi eis am leschte Joër verlooss hunn.
Stellvertriedend fir all déi wëlle mir och elo un den Schmitze Ren denken, dee jorelaang Ënnerkommandant zu Miesdref war an och un d’Madame Thérèse Blasen-Flammang, eisem Blasen’s Néckel seng Fra a Giedel vum Mierscher Fändel. 

Fürbitten:

Loosse mir zesummen zum Härgott bieden :

Gëf eis d’Kraaft, dat mir eise Glaawen esou dobausse weisen a liewen esou wéi den hl. Florian dat gemeet huet. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Gëf eis d’Kraaft, eisen Dingscht un eise Matbierger an Dëngem Sënn auszeüben. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Gëf eis déi néideg Viirsiicht, fir dat mir all eis Asätz sëcher duerchféiere kënen. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Hëllef alle Mënschen, déi an Nout geroden, fir dat sie nët verzweifelen, mee dat sie ee Mënsch fannen, deen hinne wieder hëlleft. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Hëllef alle Verantwortlichen bei de Pompjeeën an am Rettungswiesen, dat sie an der Mënscheféierung an an der Asaatzleedung ëmmer déi richtig Décisiounen treffen. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Mir bieden och fir eis Gemeinschaft. Stärk ënert eis de Gemeinschaftsgeescht an de Komerodschaftsgeescht, déi fir eng gudd Zesummenarbicht esou extrem wichtig sinn. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Mir bieden och fir Fridden a Gerechtigkeet op der ganzer Welt, an méi speziell an den aktuelle Krisegebitter. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Looss eis Fraën oder aaner Familljemembere spiiren, dat sie, doduerch dat sie eis moralisch ënerstëtzen, och eng wichtig Roll dobei hun fir de Matmënschen ze hëllefen. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Hëllef speziell eise jonke Pompjeeën, dat sie am Liewen ëmer déi richtig Entscheedungen treffen an dat sie och ëmer een fannen, deen hinne nolauschtert, wann sie Problemer hunn. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Schenk eise Pompjeeskollegen an all eise Frënn a Gönner, déi verstuerwen sin, den éiwege Fridden. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Mir denken och un all déi aaner Verstuerwen aus eisem Frëndeskreess, aus eiser Famill an aus eiser Par, beloun Du och sie fir all Guddes, wat sie gemeet hun. – Härgott, héier eis!

Härgott, erhéier eis.

Gudde Gott, lauschter op eis duerch d’Fürsprache vum hl. Florian. Huel eist Bieden un, ewer och all Aarbicht, déi mir am Dingscht vum Nächsten geleescht hun. Dorëms biede mir Dëch duerch Christus eisen Här.

Amen.

Print Friendly, PDF & Email

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.