Florian 2006 Reckingen

  1. Mee 2006

Aleedung zur Florianfeier zu Recken

Wäert Éiregäscht,
Léif Pompjeeskollegen,
Léif Matchrëschten,

Mir feieren haut d’Mass zu Éieren vum hellege Florian fir all lieweg a verstuerwen Pompjeeën aus der Gemeng Miersch, mee och fir all d’Pompjeeën weltwäit. Dës Traditioun gëtt et schonn zanter ongeféier 40 Joer hei an der Gemeng.

Den Sënn vun dësem Fest ass et och fir den Komerodschaftsgeescht vun den Pompjeeën ze stäerken.

Den Florianus huet virun 1700 Joer gelieft zu enger Zäit, wou dat réimescht Welträich sich zimlech grouss war. Grouss Deeler vun Däitschland an Éisterräich an och vu Lëtzebuerg waren deemools vun de Réimer besat. Den Florian ass der Géigend vun Sankt Pölten an Éisterräich gebuer als Jong vun réimeschen Elteren. De Florianus ass gedeeft ginn an am chrëschtlechen Glawen erzunn ginn. Spéider ass hien an déi réimesch Arméi gaang, do huet hin et bis zum héijen Offizéier bruecht. Wéi seng Dingschtzäit eriwwer war, krut hin e relativ héijen Posten an der réimescher Verwaltung.

Am Joer 303 ass et dunn ënnert dem Keeser Diokletian zur leschter grousser Chrëschtenverfolgung komm. Schon 299 sinn all d’Chrëschten aus der Arméi entlooss ginn. 303 ass dunn de chrëschtlechen Glawen ganz verbueden ginn, Kiirchen sinn zerstéiert ginn an d’Leit hu missten zeréck an den heednëschen Glawe. Wien sech dësen Virschrëften widdersat huet, ass zum Dout veruerteelt ginn. Den Florianus huet deemools seng Pensioun geholl an ass zeréck an séin Heemechtsduerf gaang.


Uganks Mee 3004 ass de hien du gewuer ginn, dat 40 vun senge fréieren Komeroden zu Lorch, engem Viruert vun der Stad Enns wéinst hirem Glawen an de Prisong komm sinn an do och gefoltert ginn sinn. De Florianus huet sech direkt op de Wee gemeet fir sengen Komeroden ze hëllefen. Hien hat gehofft, dat den Afloss, deen hien op sengem fréiere Posten hat, him hëllefe kënnt fir den Statthalter Aquilinus ëmzestëmmen an fir esou d’Liewen vun dësen Prisonnéier ze retten.

Mee schonn wéi hien op d’Bréck iwwer d’Enns kommen ass, ass hien vun de Réimer festgeholl hin. Den Florianus deen sech schonn ëmmer zu sengem chrëstlechen Glawen bekannt hat, huet seng Meenung och nët changéiert, wéi en virun dem Aquilinus stoung.

Den Florianus ass gefoltert ginn, mee all dës Mësshandlungen konnten hien nët vun sengem Glawen ofbréngen. Dorops hin ass hien zum Dout veruerteelt ginn. D’Zaldoten hunn hien op d’Bréck iwwert d’Enns gefouert, him een decken Steen ëm den Hals gebonnen, an hien vun der Bréck rof an d’Bach geheit.

An Texter aus dem 5. Joerhonnert no Christus gëtt den Florian schonn als Hellegen bezeechent an schonn deemools ass séin Dag den 4. Mee gefeiert ginn.

Vum 12. Joerhonnert un ass hien als Schutzhellegen bei Blëtz, Feier a Waasser besonnesch an Éisterräich, am Süden vun Däitschland an a Südtirol veréiert ginn. Wéi dunn am 19. Joerhonnert déi éischt Pompjeescorpsen gegrënnt goufen, ass hien dunn och de Schutzpatréiner vun de Pompjeeën ginn.

An Südtirol gëtt den hellegen Florian als Schutzpatroun vun de fräiwëllegen Pompjeeën gefeiert. Hier Kollegen vun de Beruffspompjeeën veréieren allerdéngs déi helleg Barbara, genee sou wéi déi franséisch Pompjeeën. Der hiren Dag ass den 4. Dezember.

Den Florian ass nët nëmmen Schutzpatréiner vun de Pompjeeën, och aner Beruffer, déi mat Feier oder Waasser ze dinn hunn, veréieren hien : Béierbrauer, Kärzenmëcher, Schmatt, Schnapsbrenner, Schaschdigbotzterten an esou weider.

An verschiddene Géigenden war et de Brauch iwwer d’Dir vun engem neien Haus ze schreiwen :

Oh heiliger Sankt Florian,
Verschon unser Haus,
Steck andere dafür an !

Et gëtt och e klengt Gebied zum hellegen Florian.

Es brennt, o heiliger Florian,
heut aller Orts und Enden :
Du aber bist der Rechte Mann,
solch Unglück abzuwenden !

Den hellegen Florian huet sech fir den Glawen, mee och fir seng Komeroden agesat an dofir ass hien fir eis ee Virbild. Hien wollt senge Matmënschen hëllefen an duerfir huet hin sech op de Wee gemeet. Hien wousst dat hien sech domat der Gefor géing aussetzen, hien hätt och kéinte gemittlech an der Fautell setze bleiwen, wéi der och haut nach vill maachen, och wann si wëssen dat anerer a Gefor sinn. Den Florian huet séin Liewen riskéiert an och hierginn fir Leit an Nout ze hëllefen.

Fir dat mir d’Kraft hunn ëmmer fir dem Virbild vum Hellege Florian ze follegen, wëlle mir zesummen an dëser Mass bieden.


Fürbitten

Gudden Herrgott,

D’Aufgaben vun de Pompjeeën ginn bei eisen däitsche Kollegen definéiert als : « Retten – Bergen – Löschen – Schützen » Dat sinn vill verschidden Aktivitéiten, déi dës Fraen a Männer ze erfëllen hunn.
Dofir erhéier eis Fürbitten :

Wann de Piipsert geet an mir fueren duerno op den Asaatz, dann fänkt fir eis eng « Extrem-situatioun » un. Mir wëssen nët am Viraus wat op der Asaatzplaatz op eis duer kënnt a wat vun eis gefuerdert gëtt.
Hëllef eis, dat mir dat, wat mir geléiert hunn, professionell ëmsetzen an déi néideg Rou an Geloossenheet behalen.
Duerfir bieden mir.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis.

Den Dingscht bei den Pompjeeën ass fräiwëlleg, mir maachen dat « éirenamtlëch ». Wéi och an anere Beräicher gëtt et och bei de Pompjeeën ëmmer méi schwiereg fir jonk Mënschen fir den Dingscht un der Allgemengheet ze gewannen.
Schenk Du den Jonken d’Bereetschaft sech fir hir Matmënschen anzesetzen.
Duerfir bieden mir.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis.

Och bei den Pompjeeën ass et wichteg, dat sech Memberen fir Positiounen un der Spëtzt vun hirem Corps, am Kanton oder op nationalem Plang bereet erklären. Dës Komerodinnen an Komeroden mussen oft bannent kuerzer Zäit wichteg Décisiounen treffen an Verantwortung iwwerhuelen.
Gëff hinnen e kloeren Kapp an dat néidegt Fangerspëtzegefill.
Duerfir bieden mir.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis.

D’Engagement an de Pompjeeën ass mat vill Zäitopwand verbonnen. Dat sinn vill Stonnen, déi mir nët am Krees vun eise Familljen an eise Frënn verbrénge kënnen.
Hëllef eis Pompjeeën, dat mir awer Zäit fannen fir Übungen, Instruktiounen an Asätz, mee looss och eis Familljen mat Verständnes op eist Engagement reagéieren.
Duerfir bieden mir.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis.

Jiddereen vun eis kennt op mannst ee Pompjee, deen verstuerwen ass.
Looss eis des Leit nimools vergiessen a schenk hinnen, déi éiweg Rou.
Duerfir bieden mir.
Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis.

Här, eise Gott, mir hunn eis Dir an eisem Gebied uvertraut, erhéier eist Gebiet an weis jidderengem wéi wichteg den Dingscht un eise Matmënschen ass.

Amen.


Broschüre

Zur Florian-Feier 2006 erschien eine Broschüre. Anbei die pdf-Datei:

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert