Florian 2008 Moesdorf

Samsdeg, den 3. Mee 2008

Einleitung

Wärt Eiregäscht,
Dir Damen an Dir Hären,
Léif Pomjeeskollegen,

Schon zanter méi wéi 40 Joër as et eng schéin Traditioun, dat d’Pompjeeën vun der Gemeng Miersch zu Eiren vun hirem Schutzpatréiner, deem sein eigentlichen Daag muer as, een Fest feieren.

Den hellegen Florian as schon virun méi wéi 1700 Joer den Märtyrerdoud gestuerwen, mee hien as bis haut nët vergiess gin.

Wee war dëse Mann ?

Gebuer as hien am 3. Joerhonnert an der Géigend vun Wien. Gestuerw as hien den 4. Mee 304 zu Lorch an Eisterreich.

Den Florian war réimechen Zaldot an duerno héigen Beamten zu Lorch. Wéi ënert dem Keeser Diokletian eng grausam Chrëschteverfolgung ausgebrach as, huet den Florian probéiert sengen Glaawensbridder ze hëllefen. Dobei as hien selwer festgeholl gin. Hien sollt sengem Glaawen ofschwieren. Mee dat huet hien nët gemeet. Dofir as hien gefoltert gin an duerno ëmbruecht gin.

Fir waat as den hellegen Florian Schutzpratroun vun de Pompjeeën gin ? Nët eleng wéinst senger Relatioun zum Waasser, mee vill méi wéinst senger Bereedschaft sëch ëner Liewensgefoer fir seng Matmënschen anzesetzen. Hien wollt fir seng chrësctlech Glaawensbridder dat maachen, wat fir hien méiglech war an hien as doduerch selwer a Gefoer kommen kommen.

Hien, deen jo schons an der Pensioun war, hätt jo och këenen doheem sëtze bleiwen an onbedeelegt nokucken, wéi onschëlleg Mënschen an Doudesgefor waren, mee neen, hien huet ee Wee gesicht fir hinnen ze hëllefen.

As dat net och d’Aufgaab vun den freiwëllegen Pompjeeën ?

Och fir eis, léiw Pompjeeskolleginnen a -kollegen, soll den Dingscht um Matmënschen an den Glaawen un Gott eng lieweg Eenheet sin.

Dofir wëllen mir elo des Mass hei zu Eiren vum hellegen Florian feieren fir all déi Pompjeeën aus eiser Gemeng déi eis an de leschten Joeren fir ëmer verloos hun.


Florian 2008 – Fürbitten

Zesummen mat eisem Schutzpatréiner, dem hellege Florian, wëllen mir elo zu Gott bieden :

Mir bieden fir all Pompjeeën an fir all Member vun enger Hëllefsorganisation dat sie Ausdauer an Freed un hirem Engagement behaalen.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir all déi Leid, déi Nodeeler erleiden wéinst hirem Glaawen, datt sie d’Kraaft an de Courage nët verléiren.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden och fir déi, déi wéi den hellegen Florian couragéiert zu hirem Glaaw stin.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir eis Kierch. Schenk hier den hellege Geescht, fir dat sie ënert de Mënschen een Zeechen vun denger Léift as.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir all déi Krank, dat sie mat Hoffnung an d’Zukunft kucke kënen.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir all déi Mënschen déi verzweifelt sin, déi hirer Hänn kee Rot méi wëssen. Schenk hinne Matmënschen, déi hinnen beistinn.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Mir bieden fir all déi Pompjeeën, déi eis an de leschten Joeren fir ëmer verloos hun. Beloun sie fir alles, wat sie sie am Dingscht vun hiren Matmënschen geleescht hun.
Herrgott héier eis,
Herrgott erhéier eis

Gudde Gott, lauschter op eis Gebied an op alles wat mir um Härz droën. Dorëms bieden mir Dëch duerch Christus eise Bruder an Här.

Amen

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert