Florian 2018 Rollingen

Florian-Feier zu Rolléng, de 5. Mee 2018

 Wäert Éieregäscht,
Léif Pompjeeskollegen,
Léif Matchrëschten,

D’Pompjeeën vun der Gemeng Miersch hu schonn zënter villen Joren déi flott Traditioun fir d’Fest vum hellege Florian ze feieren an domat un hir verstuerwen Pompjeeskollegen ze gedenken.
De Florian, séi réimesche Numm war Florianus, huet als réimeschen Zaldot an Éisterräich gelieft an hien ass och do den 4. Mee am Joer 304 zu Lorch (an der Géigend vu Linz) als Märtyrer gestuerwen.
No senger Carrière als réimeschen Offizéier war hien Kanzleiviirstand (sou eng Aart Generalsekretär) beim Statthalter Aquilinus (Statthalter ass eng Aart vu Gouverneur vun enger Provënz). Während de grousse Chrëschteverfolgungungen ënnert dem Keeser Diokletian huet den Aquilinus 40 Chrëschte festhuele gelooss an si goufe gefoltert fir dat si hirem Glawen ofschwiere sollten.
De Florian, dee selwer Chrëscht war, war an der Zwëschenzäit an der Pensioun. Wéi hien dunn awer vum Schicksal vun de 4o Chrëschten héieren huet ass hien op Lorch gaangen, well hien wollt sech dobäi sengem fréiere Chef, den Aquilinus, fir déi Gefaangen asetzen. Mee och hien gouf festgeholl a gefoltert. Well hien sengem Glawen nët ofschwiere wollt, ass hien zum Doud veruerteelt ginn. Hien krut een décke Steen ëm den Hals gebonnen an hien ass de Floss Enns gehäit ginn, wou hien dunn och erdronk ass.
Schonn relativ fréi, am 5. Joerhonnert, ass hien als Hellege veréiert ginn. Vum 12. Joerhonnert un, gouf hien an Éisterräich an och a Süddäitschland als Schutzhellegen bei Blëtz, Feier a Waasser veréiert ginn. Wéi dunn am 19. Joerhonnert déi éischt Pompjeescorpsen gegrënnt goufen, dunn ass hien och de Schutzpatréiner vun der Pompjeeën ginn, dat besonnesch am süddäitsche Raum, an aanere Géigenden vun Europa ginn och aner Helleg als Schutzpatréiner vun de Pompjeeën veréiert.
Wat huet de Florian dann elo mat de Pompjeeën ze dinn. Ma hien ass e wonnerbart Beispill un Solidaritéit an Zivilcourage, zwou Eegeschaften, déi eigentlech all gudde Pompjee ausweisen. Och mir hunn eis verflicht, genau sou wéi den Hellege Florian, eis anzesetzen fir eise Matmënschen ze hëllefen, wann si an Nout oder a Gefor sinn. Och mir setzen eis dobäi verschidde Risiken aus.
Fir dat mir d’Kraaft hunn ëmmer fir dem Virbild vum hellege Florian ze follegen, dofir wëlle mir elo zesummen dës Mass feieren an domat och un eis verstuerwe Pompjeeskollegen denken.


 Fürbitten:

Loosse mir zesummen zum Härgott bieden :

Gëff eis d’Kraaft, dat mir eise Glawen esou dobausse weisen a liewen esou wéi den hellege Florian dat gemeet huet. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Gëff eis d’Kraaft, eisen Dingscht un eise Matbierger an Dengem Sënn auszeüben. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Gëff eis déi néideg Virsiicht, fir dat mir all eis Asätz sécher duerchféiere kënnen. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Hëllef alle Mënschen, déi an Nout geroden, fir dat si nët verzweiwelen, mee dat si ee Mënsch fannen, deen hinne wieder hëlleft. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Hëllef alle Verantwortlechen am gesamte Rettungswiesen, dat si an der Mënscheféierung an och an der Asaatzleedung ëmmer déi richteg Décisiounen treffen. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Mir bieden och fir eis Gemeinschaft. Stärk ënnert eis de Gemeinschaftsgeescht an de Komerodschaftsgeescht, déi fir eng gutt Zesummenaarbecht esou extrem wichteg sinn. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Mir bieden och fir Fridden a Gerechtegkeet op der ganzer Welt, an méi speziell an den aktuelle Krisegebitter. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Looss eis Fraen oder aner Familljemembere spieren, dat si, doduerch dat si eis moralesch ënnerstëtzen, och eng wichteg Roll dobäi hunn fir de Matmënschen ze hëllefen. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Hëllef speziell eise jonke Pompjeeën, dat si am Liewen ëmmer déi richteg Entscheedungen treffen an dat si och ëmmer een fannen, deen hinne nolauschtert, wann si Problemer hunn. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Schenk eise Pompjeeskollegen an all eise Frënn a Gönner, déi verstuerwen sinn, den éiwege Fridden. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Mir denken och un all déi aner Verstuerwen aus eisem Frëndeskrees, aus eiser Famill an aus eiser Par, beloun Du och si fir all Guddes, wat si gemeet hunn. – Härgott, héier eis!
Härgott, erhéier eis.

Gudde Gott, lauschter op eis duerch d’Fürsprache vum hellegen Florian. Huel eist Bieden un, awer och all Aarbecht, déi mir am Dingscht vum Nächsten geleescht hunn. Dorëms biede mir Dëch duerch Christus eisen Här.

Amen.

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,