Florian 2019 Beringen

Wegen der Staatstrauer wurde die Forianfeier vom 3. Mai auf den 5. Oktober 2019 verlegt.

Florianmass den 5. Oktober 2019
Aleedung

Schonn zanter méi wéi 40 Joer feieren d’Pompjeeën aus der Gemeng Miersch zesummen d’Fest vun hirem Schutzpatréiner, dem hellege Florian.
Dem Florian säin Dag ass eigentlech de 4. Mee, mee wéinst der Statstrauer gouf dëst Joer d’Fest an den Hierscht verluegt.
Ween war elo dëse Florian? De Florianus gouf am 3. Joerhonnert no Christus an engem Duerf an der Géigend vu Wien gebuer.
Am Laf vu sengem Liewen huet hien Carrière bei der réimescher Arméi a bei der réimescher Provënzverwaltung gemaach. Hien huet et esou zum Posten vum Kanzleivorstand beim réimesche Statthalter bruecht. Wat aussergewéinlech war: de Florian huet sech zu der Relioun “Chrëschtentum” bekannt, dës Relioun war am réimesche Räich deemools streng verbueden. Zu der Zäit, vun 303 bis 305 no Christus, ass et och zu de leschte grousse Chrëschteverfolgungen komm.
De Florian war schonn an der Pensioun, et ass net sécher op hien wéinst senger Relioun oder wéinst sengem Alter an d’Pensioun geschéckt gouf.
De Florian huet dovun héieren, datt an der Staat Lorch 40 Chrëschten gefaangen a gefoltert goufen. Hie huet sech op der Wee gemaach fir hinnen ze hëllefen. Dobäi ass hien du selwer festgeholl ginn. Hien ass gefoltert ginn fir dat hien sengem Glawe sollt ofschwieren. Hien huet dat refüséiert an hien krut e Millesteen ëm den Hals gebonnen an ass de Floss “Enns” gehäit ginn. Dobäi ass hien em d’Liewe komm. Dat war den 4. Mee am Joer 304.  Och déi 40 Persounen, déi hien rette wollt, si spéider higeriicht ginn.
Firwat ass de Florian helleg gesprach ginn? A wat huet de Florian mat de Pompjeeën ze dinn? An der ganzer Geschicht geet néierens dovu Rieds datt hien e Feier ausgemaach hätt.
Ma de Florian ass e wonnerbart Beispill fir Solidaritéit an Zivilcourage, Begrëffer, déi hat nach grad esou aktuell si wéi virun 1700 Joer.
De Florian hätt jo och kënnen doheem bleiwen an sech roueg verhalen, da wier him wahrscheinlech näischt geschitt. De Florian huet sech opgemaach fir senge Matmënschen ze hëllefen. Och mir hunn eis bereet erkläert fir eise Matmënschen ze hëllefen an dofir ass den hellege Florian ee Virbild fir eis.
An dësem Sënn wëlle mir elo zesummen dës Mass feieren fir eise verstuerwenen Pompjeeskomeroden ze gedenken.
Mir denken do un den Néckel CONRAD vu Recken, deen eis am Fréijoer verlooss huet.
Mir denken och un de Leon BRÜCK vun der Mierscher Musek, deen esou dacks dobäi war, wann bei der Florianfeier d’Sonnerie aux Morts gespillt gouf.
A mir denken och un eise Grand-Duc Jean, deen jo och “Haut Protecteur” vun der Pompjeesfederatioun war.
Besonnesch denke mir un déi 2 fräiwëlleg Pompjeeën vu Beringen an der Belscht, déi do am August bei engem Brand ëm d’Liewe koumen.


Fürbitten

Den Härgott  wëll dat mir an senger Léift liewen. Dofir huet hien eis seng Geboter als Direktiv, als Richtlinn ginn. Dofir wëlle mir elo bieden:

Härgott eise Papp:
Hëllef denger Kierch, dat si an deem wat si seet a mécht, e Beispill vun der Léift ass. Härgott, héier eis.
Härgott erhéier eis

Behitt all déi, déi an der Ëffentlechkeet stinn an do Muecht an Afloss hunn, dofir just un hir Interessen ze denken, mee hëllef hinnen sech fir hier Matmënschen anzesetzen. Härgott, héier eis.
Härgott erhéier eis

Erfëll all déi, déi un Christus gleewen, mat Hoffnung an Zouversiicht. Hëllef all eise Matmënschen, déi an der Suerg ëm hir Aarbechtsplaz liewen, dat si eng Hoffnung gesinn fir sech an hier Famill. Härgott, héier eis.
Härgott erhéier eis

Verschoun eis virun Ongléck, Feier an anere Katastrophen. Härgott, héier eis.
Härgott erhéier eis

Hëllef dat eis Jugend och haut nach hiren Idealismus behält fir anere Leit ze hëllefen. Härgott, héier eis.
Härgott erhéier eis

Op eisen Asätz begéine mir dem Doud an schwéiere Blessuren. Oft gesinn mir jonk Leit, déi hiert Liewen muttwëlles verluer hunn oder op d’Spill gesat hunn.  Hëllef du hinnen, mee hëllef och eis déi mir oft hëlleflos virun deem Misär stinn. Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis

Fir all verstuerwen Fraen a Männer, déi den Pompjeeën an dem Pompjeeswiesen verbonnen waren – dat Du si an deng Gemeinschaft ophëls an si belouns fir alles wat si aus Nächsteléift gemaach hunn. Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis

Mir bieden och fir de Grand-Duc Jean, deen jo och den „Haut Protecteur“ vun eiser Pompjeesfederatioun war. Schenk him den éiwege Fridden bei Dir. Herrgott héier eis.
Herrgott erhéier eis

Härgott,
Du weist eis deng Léift un Du bass ëmmer bei eis op eisem Liewenswee. Herrgott, mir vertrauen op d’gutt Wuert vum hellege Florian, eisem Patréiner an mir gleewen, dat eist Gebiet net ëmsoss ass. Duerfir luewe mir Dech an soen Merci duerch Christus, eisen Här.
Amen.


Gedenkminutt an der Generalversammlung vun der ENTENTE

Wäert Éieregäscht,
Léif Pompjeeskollegen,

D’Florianfeier sollt jo eigentlech am Mee sinn. Deemools hat ech och eng kleng Gedenkminutt virbereet. Ech wollt deemools iwwer 2 Persounen schwätzen, déi eis kuerz virdrun verlooss haten:
De Néckel CONRAD, dee jorelaang Member vun de Reckener Pompjeeën war, war am Alter vun 85 Joer gestuerwen.
De Léon BRÜCK, zwar kee Pompjee, mee als Member vun der Mierscher Musek war hien zanter Joren ëmmer dobäi wann op der Florian-Feier an der Mass d’Sonnerie aux Morts gespillt gouf.
Mir denken och haut un dës zwou Persounen, mee virun knapp zwee Méint ass zu engem trageschen Accident komm, zwar nët hei zu Bieréng, mee an der Uertschaft Beringen an der Belscht, mat där dës Uertschaft iwwer “5 mol Beringen” enk verbonnen ass.
Wat war do geschitt: Zu Beringen, an der Belscht, huet ët den 11. August nuets um 2 Auer an engem Wunn-Gebai, dat eidel stoung, gebrannt. D’Pompjeeën hunn d’Gebai kannt, si hate schonn Asätz do gehat. D’Gebai gouf des öfteren vu Strummerten an Junkiën bewunnt. An der leschter Zäit hat et schonn 2mol an deem Haus gebrannt. Wéi d’Pompjeeën op der Platz ukoumen, waren schonn d’Flamen gutt ze gesinn. Direkt gouf Verstäerkung ugefuerdert. D’Gebai war zimlech komplex an d’Dieren a Fënsteren waren mat Holz verbarrikadéiert. Kuerz nodeems déi éischt Otemschutztruppen am Gebai waren, koum et zu engem extremen Brandphänomen, engem Flashover, an dorops hin ass een Deel vum Gebai zesumme gefall. D’Leit dobannen kruten den Uerder fir d’Gebai ze verloossen an aus dem Geforeberäich eraus ze kommen. Leider hunn zwee vun de Kollegen dat nët méi geschafft. Déi agesaten Rettungstruppen hunn hir Kollegen fond ouni Liewenszeechen. Déi zwee Pompjeeën waren dout.
E weideren Pompjee hat och schwéier Brandverletzungen an hien huet missten op Louvain an ee Centre des Grands Brulés. Dräi weider Pompjeeën koumen mat liichter Dampvergëftung an d’Klinik, mee si konnten erëm séier entlooss ginn.
Zum Zäitpunkt vum Brand ware keng Persounen an dem Gebai. D’Brandursaach an och den Accident selwer gi vun der Police an der Justiz ënnersicht.
Déi 2 Pompjeeën waren 42 a 37 Joer al. Allen zwee waren si als Fräiwëlleger op der Platz. E vun de Pompjeeën war haaptberuflich Ausbilder op der Pompjeesschoul zu Limburg, hien war do CFBT-Inktrukter, also Realbrandausbilder. Den anere war Beruffszaldot.
Mir fillen mat de Familljen vun de Verstuerwenen. Béid Familljepappen hannerloossen insgesamt 6 Kanner.
D’Gemeng Miersch huet deemools zesummen mat eise Pompjeeën e Kondolenzschreiwes bei eis belsch Kollegen geschékt.
Och wëllen mir elo stëll e puer Sekonnen un eis verstuerwe Pompjeeskollegen denken.
Ech soen Merci

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,