Florian 2013 Beringen

Florianfeier zu Biereng
11. Mee 2013

Scho méi wéi 40 Joer feieren d’Pompjeeën aus der Gemeng Miersch zesummen d’Fest vun hirem Schutzpatréiner, dem hellege Florian.
Mir als Pompjeeën kennen d’Geschicht vun dësem Hellegen, mee bei den aanere Leit as hien nët esou bekannt. Hien gët haaptsächlich am däitschsproochische Raum an do besonnesch a Süddäitschland an an Eisterreich veréiert. Ech hun och schon Biller vum hl. Florian a Pompjeesgebeier an Tschechien, a Slowenien, a Kroatien an an Norditalien gesin.
Aner Nationen hun een aanere Schutzhelligen, d’Franzousen hun d’helleg Barbara, sie fënd een och an der Schweiz an am Norde vun Italien. Déi helleg Agatha vu Catania gët am Süden vun Italie veréiert. D’Pompjeeën aus dem Vatikan hun den hl. Antonius vu Padua. D’Portugiesen hun den hl. Marçal an den hl. Joao de Deus, d’Spunier hun den hl. Laurentius.
Den hellege Florian gët duergestallt an der Uniform vum réimischen Zaldot, an der enger Hand ee Fändel an an der aanerer Hand een Eemer mat Waasser, woumat hien e brennend Haus läscht.
De Florianus, eise Schutzpatréiner, gouf de 4. Mee 304 no Christus higeriicht. Op dësen Daag krutt hien e Steen ëm den Hals gebonnen an hien gouf am Floss Enns an Ueweréisterreich erdronk, wéinst sénger Standhaftigkeet a sénger Trei zu séngem Glaawen.
Gebuer as hien ëm 250 no Christus an der Géigend vu Sankt Pölten als Jong vu réimischen Elteren. D’Réimer hate jo zu der Zeit grouss Deeler vun Europa besaat; och bei eis zu Miersch fënd een nach vill Spueren vun de Réimer, fir nëmen d’Réimervilla ze nennen. De Florian as geddeft gin a chrëstlich erzu ginn. Dunn as hien an d’réimisch Arméi gaang an hie war wahrscheinlich een héigen Offizéier. No 20 Dingschtjoeren as hien dunn an d’Zivilverwaltung iwergewiesselt. Do krutt hien een héige Posten beim Statthalter Aquilinius. Dat war zur Zeit vum Keeser Diokletian. Dese Keeser  hat allerdings ee Problem mat de Chrëschten. Dofir as ënert senger Regierung zur leschter grouuser Chrëschteverfolgung kommen.
Fir d’éischt goufen chrëstlech Kiirchen zerstéiert an d’Chrëschten , déi an de staatliche Verwaltungen goufen entlooss. Do as wahrscheinlich och de Florian drëner gefall; et kann ewer och sin, dat hien vun sëch aus an d’Pensioun gaang as. An der nächster Etapp goufen d’chrëstlich Prieseren an de Prisong geheit. An der nächster Etapp goufen all Chrëschten forcéiert den heednische Götter ze afferen. Wien dat nët maache wollt as och a de Prisong geflunn, hien as entweder gefoltert gin oder as zu Zwangsaarbicht gezong gin oder hien as zum Doud verurteelt ginn. Erënert eis dat nët un Szenen aus dem zweete Weltkrich.
Eng Reih vu Chrëschten war deemols schon an de Prisong komm an sie sollte verurteelt ginn. De Florian wollt den Aquilinus iwerzeegen, dat dem Diokletian seng Uerderen onsënnig wieren. Hien wollt hie froën, fir dës Chrëschten fräi ze loossen. De Florian huet sëch vis-à-vis vum Aquilinus als Chrëscht ze erkennen gin, deen zu séngem Glaawe steet. Dofir as hie festgeholl, gefoltert an zum Doud verurteelt gin.
Am Numm Florian fanne mir dat Wuert Flora erëm, wuertwiertlich iwersaat heescht Florianus “Der Blühende”.
Den hl. Florian steet fir de Glaawen, d’Chrëschtentum zum Bléihen ze bréngen, an dat och a schwierigen Zeiten.
D’Liewen vum Florian as e Beispill fir eis, fir damit eis fir eis Matmënschen asetze sollen, dat mir Solidarität weise sollen. An schliesslich as de Florian dat beschte Beispill fir Zivillcourage.
Solidaritéit setzt Zivilcourage viraus. An ouni Solidaritéit gët et keng Zivilcourage.
De Florian als Schutzpatréiner vun de Pompjeeën as fir eis ee Virbild vu Solidaritéit a Nächsteléift eise Matmënsche géintiwer, am Kampf géint d’Feier an och an aaner Noutsituatiounen. Et gët haut kaum een Noutfall oder e grousse Schued, wou nët d’Pompjeeën oder d’Protection Civile geruff géif.
Mir Pompjeeën setzen eis rond rëm d’auer fir eis Matmënschen an dofir as den hellige Florian fir eis Virbild, getrei der Devise déi op de Carl Metz aus dem Joer 1847 zeréck geet: “Gott zur Ehr – dem Nächsten zur Wehr”.


Fürbitten

Zesumme mam hl. Florian wëlle mir elo zesummen eis Fürbitten virun den Härgott droën:

Fir all Pompjeeën an aner Rettungskräften, dat sie Ausdauer an Freed un hirem fräiwëllegen Engagement behaalen,
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Wann de Piepsert geet, a mir fueren op den Asaatz, dann as dat oft extrem. Mir wossen nët, wat eis um Asaatz erwaart a wat vun eis verlaangt gët. Hëllef eis, dat mir, dat wat mir geléiert hun, professionell uwenden an dat mir déi néideg Rouh a Gelossenheet behaalen.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Et gët ëmer méi schwierig fir néi Memberen ze fannen a fir jonk Leit fir dësen Dingscht un der Allgemengheet ze begeeschteren. Schenk Du hinnen d’Bereetschaft sëch an der Gemeinschaft anzebrëngen.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Op eisen Asätz sin d’Pompjeeën ëmer erëm geféierléiche Situatiounen ausgesaat, wou sie sich a Gefoer beginn fir aaneren ze hëllefen. Haal Du deng schützend Hand iwer eis.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Och an de Pompjeeën as ët wichtig, dat ët qualifizéiert Leit gin, déi bereet sin fir eng führend Plaatz am Rettungswiesen ze iwerhuelen. Dës Leit mussen oft schwéier an verantwortungsvoll Decisiounen huelen. Hëllef Du hinnen dat sie e klore Kapp och an extreme Situatione behaalen an schenk hinnen och dat néidegt Fangerspëtzegefill.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Pompjee sin verlaangt ëmer méi e groussen Zäitopwand. D’Zuel vun den Asätz hëlt permanent zou. D’Technik gët ëmer méi komplizéiert. Dat heescht dat mir och ëmer méi dacks üben mussen an dat mir méi dacks an eng Formatioun goë mussen. Dat sin oft wertvoll Stonnen, déi mir vun eiser Famill an och eise Frënn getrennt sin. Hëllef eis dat mir déi néideg Zäit fannen a loss eis Familjen mat Versteesdemëch op eist Engagement reagéiren.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Déi meescht vun eis kennen Pompjeeskomeroden, déi schon verstuerwe sin. Loss sie nët vergiess sin a schenk hinne bei Dir déi éiweg Rouh.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Op der Welt gin och haut nach Leit wéinst hirem Glaawe verfollegt, gequält an esou guer doud gemmet. Schenk alle Mënschen, déi wéinst hirem Glaawen Nodeeler erleide mussen, Courage a Kraaft.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Mir bieden och fir eis, dat mir nom Virbild vum hl. Florian couragéiert zu eisem Glaawe stin.
Härgott héier eis …
Härgott erhéier eis

Här, eise Gott. Zesumme mam hl. Florian hu mir eis Dir elo am Gebied uvertraut. Erhéier eis Fürbitten. Dorëms biede mir Dëch duerch Jesus Christus, eisen Hiirt a Brudder.

Amen

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert