Gedicht – 2 daper Männer

Zwe’n dâper Männer
W. Goergen : Erönnerongen, 1937

Eng göfteg-be’s Dezembernuecht
bruckt iwerm weiße Sauerdall.
Den alen Härebierg hält Wuecht
we’ ömmer iwer Haus a Stall.
D’Bäm so’ren ziddreg em d’Geheis,
D’Mösch duckelt sech de’f an den Trausch ;
D’Lîcht fénkelt op dem Spigeleis,
an d’Sauer schlêft sech o’ni Dausch.
Ganz Dikrech leit schonn an der Ro’h,
keng lieweg Se’I me’ ne’rewo’.
Op émol schalt et : „Feirio !“
An d’Klacke ruffen : „Hôlleft, Leit ;“
Enzock sin d’Pompjen och schonn do,
si wösse, wât de’ Ruff bedeit.
De Schäfer, de Scotti sin op der Môl,
si reißen d’Pompel aus der Hal,
wîf drop ! fort iwer Kopp a Koll !
Si spîre kaum nach, daß et kal,
all hir Gedanke si beim Brand ;
neischt hält si zréck, net Fra a Kand.
Zu Stée flämt et we’ eng Häll,
we’ rose ble’st de Stûrm an d’Glo’s ;
et brennt am Haus, ‘t dämpt an de Ställ,
kén Halt ass me’ fir Hand a Fo’ß.
Ro’t Schlânge sprangen aus dem Dâch
a frießen d’Lâten op zu Botz ;
d’Versinner kreckeln am Gemâch,
‘t aß alles voller Damp a Schmotz.
Dach po’lricht sti mat hirer Lanz
eis Pompjén nach um Mauerkranz.
We‘ d’Schro’den op den Hues an Huer
jitzt d’Wâßer aus dem Schlauch op d’Flâm ;
mé hei verdriwen, sprengt se duer
we‘ de Kawêchel op dem Bâm.
Op êmol gét et tschrrrakrâk !
an d’Mauer, wo’ ans Männer stin,
schle’t nidder we’ eng hölze Brâk.
Vun hinnen – keng Spur ze gesin.
Zwe’ Stet de’ woren em hirt Bro’t
So’ o’ni Matlèd aß der Do’d.
O Schäfer – Scotti, mir sôn iech Dank,
daß dir am Feier dogestân
als Männer o’ni Fûrcht a Schwank,
fir ganz a guer êr Flicht ze mân.
Ké Monument aus Marbelstên
mecht êr zwe’n Nimm der Welt bekannt;
dach mat Respèkt nènnt jidderên
so’ Männer aus dem Pompjésstand.
Wien d’Hêrz fir d’Noper sche’ßt an d’Schanz,
dén huet verdingt den E’rekranz.

Brand zu Stéen,
Dezember 1928

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,